
Déi nei Geschicht vun der klenger Prinzessin passt gutt an d’Zäit, well an “Ech wëll meng Hänn net wäschen!” geet net nëmme vu Knascht a Geroch un de Patte rieds, ma och vu Bazillen a Bakterien un den Hänn, wat an Zäite vu Grippewelle jo net vu Muttwëll ass. Et ass ewell déi drëtt Geschicht vum Tony Ross senger adeleger Knätzel, déi d’Christiane Kremer op Lëtzebuergesch iwwersat huet. Fir 2017 sinn nach zwou weider Aventurë virgesinn: “Ech maachen dat selwer!” an “Ech wëll d’Luucht un!”
Deen neien Elmar heescht “Den Elmar an d’Course” an handelt vu Fair Play am Sport an am Liewen. Mat ville léiwen a manner léiwen klengen a faarwegen Elefanten, déi eng Course maachen, passt dës Geschicht besonnesch gutt an d’Zäit vun den „Spiller vun de klenge Länner”, déi Enn Mee an Ufank Juni wäerte sinn. Et ass ewell déi 9. regulär Elefante-Geschicht vum David McKee, déi de Luc Marteling fir Kremart Edition op Lëtzebuergesch iwwersat huet. Am Hierscht kënnt Nummer zéng eraus: “Den Elmar an de Super El” an am Wanter nach en extra Band: “Dem Elmar säin neie Frënd”.

David McKee: Den Elmar an d’Course
ISBN 978-99959-39-27-4
28 Säiten, 12,95 Euro
Tony Ross: Déi kleng Prinzessin: Ech wëll meng Hänn net wäschen!
ISBN 978-99959-39-63-2
28 Säiten, 12,95 Euro