Lecture vun heiheem"Der Abschied des Hofbibliothekars" vum Gast Mannes

RTL Lëtzebuerg
© Olms

„E bëssen eppes vum Paradäis“, sou beschreift de Gast Mannes seng Zäit als Hofbibliothekar um groussherzoglechen Haff. E gléckleche Mënsch, den Androck huet de Gast Mannes och op dee prominenten däitsche Literaturkritiker Denis Scheck gemaach, den him bei de Festivitéite fir de Prix Servais 2002 begéint ass. (1) Dass d’Fonktioun vun engem Hofbibliothekar eppes ganz Besonnesches ass, dat weist de Gast Mannes a sengem Buch „Der Abschied des Hofbibliothekars“ dat d’läscht Woch am Literaturarchiv zu Miersch virgestallt gouf. D’Bea Kneip war dobäi.

AUDIO: Der Abschied des Hofbibliothekars„Der Abschied des Hofbibliothekars“ vum Gast Mannes ass bei Olms erauskomm.

Den Auteur Gast Mannes
Den Auteur Gast Mannes
De Steve Karier liest aus
De Steve Karier liest aus

(1) D’Zitat vum Denis Scheck kann een noliesen an: “Luxemburg, das einzigartigste Grossherzogtum der Welt” Susanne Jaspers a Georges Hausemer, Capybarabooks

Back to Top
CIM LOGO