
AUDIO: Buch vun der Woch: Der HirteDirekt als Warnung: Dëst ass kee Buch fir mol tëschenduerch ze liesen. Oder fir et unzefänken an dann no Deeg nees weider ze liesen, do verléiert een de Fuedem. An dat ass och dat, wat mech gestéiert huet um Buch. Et gëtt vill a hier gesprongen tëscht verschiddenen Epochen an do muss een nawell konzentréiert bleiwen, soss kënnt een net méi no. Sou ass et mir gaangen an ech konnt nees vu vir ufänken.
Wéi ech dunn awer lass war, gouf et spannend.
Eng Fra gëtt vermësst, d’Duechter vun enger bekannter Politikerin an aus dësem Ufanks routinéierte Fall entwéckelt sech eng Juegt op e Killer, deen net kleng ze kréien ass. Et trëfft een op d’Sekt ''Gottes Licht’’ a schrecklech Experimenter a engem Labo. D’Buch hëlt eis mat bis an den zweete Weltkrich bei d’Nazien, bei Extremisten, islamescher a chrëschtlecher. Et enquetéiert de Kommissar Fredrik Beier deen mir an dësem Buch besser kenne léieren, berufflech an och privat. E bëssi wéi e Cliché, och hei nees e Personnage, deen nawell ugeschloen ass, där Kommissaren a Polizisten huet een dach e bëssi vill an leschter Zäit a Thrillere kenne geléiert. Dofir, keng grouss Iwwerraschung.
Den Tempo vun der Geschicht ass gutt, och wann et ganz vill detailléiert Beschreiwunge ginn. Ech muss och gestoen, dass ech e puer Saachen am Buch net richteg verstanen hunn an dofir virum allem um Schluss net méi richteg matkomm sinn.
Ech hunn och op e richtege Schluss gewaart, dee koum awer net. Ma do hunn ech erausfonnt, dass d’Buch ''Der Hirte’’ den Optakt ass vun enger Trilogie den Ermëttler Fredrik Beier
Geschriwwe gouf ''Der Hirte’’ vum Ingar Johnsrud. Hien huet Film- a Mediewëssenschafte studéiert a war 15 Joer laang als Journalist bei enger vun de gréisste Medienentreprisen an Norwege beschäfteg. Dëst ass elo säin éischte Roman an hie gëtt a senger Heemecht als neie Star vum skandinaveschen Thriller gefeiert.
''Der Hirte’’ vum Ingar Johnsrud koum bei Blanvalet eraus.