Buch vun der Woch"Der Knochensammler - Die Ernte" vum Fiona Cummins

RTL Lëtzebuerg
« Der Knochensammler-Die Ernte » ass op Däitsch bei Scherz eraus komm. Original-Titel: "Rattle"

Eng Famill, déi am Gaang ass, auserneen ze falen. E mysteriéise Schankesammler, deen op der Juegd ass nom Glanzstéck vu senger makaberer Sammlung. An eng Polizistin, déi nieft all hire Problemer de Kidnapping vun dräi Kanner muss opklären. Dat sinn d’Ingrédienten, aus deem en Horror-Cocktail zesummegestallt ass, deen d’Fiona Cummins eis tëscht zwee Buchdeckelen zerwéiert.

Wéi se sech kenne geléiert hunn, woren den Erdman Frith an seng Fra Lilith onstierflech anenenee verléift. Hien huet si op Hänn gedroen an och de Fait, dass hie vergiess hat, en Zëmmer an engem Schlasshotel ze reservéieren an si hir Hochzäitsnuecht an engem schappegen Autobunnshotel hu misste verbréngen, huet do näischt ausgemaach. Dës op Léift, Komplizitéit a géigesäitege Respekt opgebaute Relatioun hätt kënnen éiweg sou weidergoen, wa si net viru 6 Joer den Jakey kritt hätten.

Zënterhier ass hiert Liewen zur Häll ginn, well hire Fils leid ënner enger schrecklecher Krankheet : der Fibrodisplasia Ossificans Progressiva. Hannert dësem laténgeschen Numm verstoppt sech de Fait, dass deem aarme Jong bei all Stuerz oder Stouss zousätzlech Schanke wuessen, déi um Enn en zweet Skelett bilden, dat de Kranken an e Käfeg aus Schanken aspäert an hie lues a lues ëmbréngt.

A während den Erdman an d’Lilith sech mat all där Léift, zu där Elteren amstand sinn, ëm den Jakey këmmeren, an dobäi hier eege Relatioun aus dem Rudder leeft, intresséiert een aneren sech ëmmer méi fir dee schwéierkranke Bouf : de Schankesammler. Hien ass dee leschten an der Rei vun enger Familljendynastie, där hiert Hobby et ass, d’Skeletter vu Leit ze sammelen, déi mat fuerchtbaren Deformatioune gebuer goufen an déi dann doheem auszestellen. Scho säi Papp Marshall an deem seng Virgänger hunn esou e ganzt Horrorkabinett vu grujelegen Exponaten zesummegestallt, ëm dat sech de Schankesammler elo mat vill Léift këmmert.

An och wann hien a leschter Zäit schonn zwee Meedercher mat spezielle Knachekrankheeten entféiert huet, an op deene Plazen e ganz spezielle Souvenir hannerlooss huet, an zwar d’Skelett vun enger klenger Kanéngchen, sou waart hien nëmmen op eng Geleeënheet, fir endlech an de Besëtz vum Glanzstéck vu senger Sammlung ze kommen : dem Jakey…

« Der Knochensammler - Die Ernte » ass selbstverständlech e spannende Krimi an en Horror-Thriller, deen et méi wéi eng Kéier fäerdeg bréngt, engem et kal de Réck erof lafen ze loossen. Mä et ass virun allem eng Ausenanersetzung mat enger béisaarteger Krankheet, déi zwar rar ass mä déi, déi se trefft, fuerchtbar leiden deet. An d’Fiona Cummins bréngt engem dem Jakey säi Leidenswee op esou eng mënschlech Aart a Weis méi no, datt deen häerzege Bouf engem herno richteg un d’Häerz gewuess ass. An et freet ee sech duerfir ëmsou méi op deen zweeten Deel vun der Geschicht, deen am August soll eraus kommen !

Eng Famill, déi am Gaang ass, auserneen ze falen. E mysteriéise Schankesammler, deen op der Juegd ass nom Glanzstéck vu senger makaberer Sammlung. An eng Polizistin, déi nieft all hire Problemer de Kidnapping vun dräi Kanner muss opklären. Dat sinn d’Ingrédienten, aus deem en Horror-Cocktail zesummegestallt ass, deen d’Fiona Cummins eis elo tëscht zwee Buchdeckelen zerwéiert. De Lucien Czuga seet eis, wat dovun ze halen ass.

Back to Top
CIM LOGO