Buch vun der Woch"Der Tod so kalt" vum Luca d'Andrea

RTL Lëtzebuerg
Esou heescht d'Buch vum Luca d'Andrea, Schrëftsteller vu Bozen deem säin éischte Roman direkt en internationale Bestseller gouf.

Aus dem ‘American Dream’ gëtt am Sënn vum Wuert en ‘Alpdram’... oder zwee, oder dräi, véier?!? Bei engem bestëmmte Moment am Buch ass mer souguer anstänneg d’Héngerhaut ausgaangen. (Fir déi, déi d’Buch liesen, ech wëll jo näischt ze vill verroden, mee ech schwätze vun der Säit 371.)
Zouginn, um Ufank weess een net sou richteg wou d’Buch hi wëll, a wéi eng Richtung d’Story soll goen. Vläicht ass dat gewollt? Vläicht och net?
D’Geschicht ass ob allefall déi vum Jeremiah Salinger. Amerikaner, deen zesumme mat sengem Kolleg Filmer dréit. Ganz vill Succès hu se mat hirer Road-Show wou se Kiss op hirer Tournée begleeden.
Déi béid si scho bekannt an den USA, do wou de Salinger dann och seng zukünfteg Fra kenne léiert. Eng Italienerin vu Bozen. De Roman spillt also an der Heemecht vum Schrëftsteller an dat bréngt och mat sech, dass hie leidenschaftlech dat ‘Ronderëm’ ka beschreiwen.
De Schrëftsteller a Filmmann geet mat senger Fra a Südtirol an huet do d’Iddi fir mat sengem Partner eng nei Serie ze dréien, iwwer d’Rettungs-Equipen aus de Bierger. Klammer op, dat ass eng Aarbecht déi de Schrëftsteller och am richtege Liewe gemaach huet, mat der Serie ‘Mountain Heroes’ haten hien a säi Partner grousse Succès.
A genee bei deem Experiment geschitt eppes wat dem Salinger säi Liewe verännert, virun allem psychesch.
Hien ass quasi obsedéiert fir e Fall opzeklären deen am Joer 1985 an der Bletterbachschlucht geschitt ass. 3 Frënn, eng Fra an zwee Männer goufen op där Plaz bestialesch niddergemetzelt
... xtrait buch
Den Amerikaner wëll onbedéngt wëssen wat et mat deem Massaker deemools op sech hat. Hie wëll de Mäerder fannen a setzt dofir villes op d’Spill.
Et si ganz vill Personnagen déi sech no an no an d’Geschicht era schläichen. Jiddereen hätt iergendwéi e Grond fir déi Morden gehat.
Am Endeffekt kann ee sech wierklech net denken wat do iergendwéi hätt kënne geschitt sinn. Sou dacks ass een iwwerzeegt, jo dat ass déi richteg Spuer, mä da geet et awer erëm an eng aner Richtung.
Parallel dozou spillt och d’Familljegeschicht vum Jerimiah Salinger, bestuet, e Kand, e Schwéierpapp, och dat alles net onwichteg.
T’ass Spannung am Buch awer et gëtt och eppes wat mech genervt huet. Dat Gefabels vun engem Sauriermonster wat och ënner Verdacht steet. Dee klengen Jurassic-Parc Ausfluch hätt net misse sinn.

AUDIO: 28/03/2017 Buch vun der Woch - Der Tod so kalt

Back to Top
CIM LOGO