Lecture vun heiheemD'Expo "Aufbewahrt" am CNL zu Miersch

RTL Lëtzebuerg
D'Ausstellung am Archiv iwwert d'Archiven dauert bis den 11. Mee 2018

Archive kënne Geschichten erzielen. E Literaturarchiv kann dat esouguer duebel. Do ginn et d’Geschichten, déi geschriwwe goufen. A Geschichten, déi ronderëm dës Geschichte kënnen entstoen. An déi kommen aus deem, wat an engem Archiv alles versuergt gëtt. Dat kënnen Dokumenter sinn awer och Objeten, déi mam Auteur a sengem Wierk ze dinn hunn. De Literaturzenter vu Miersch weist den Ament an der Expo “Aufbewahrt” esou Beispiller, dobäi begéint een intressante Geschichten ronderëm eis bekannten Auteuren vum Dicks sengem Béierkrou bis bei dem Jean Portante seng Schreifmaschinn.
Den Direkter Claude Conter féiert eis derduerch.

Visite vun der Expo “Aufbewahrt” mam Direkter Claude Conter

D’Expo ass an e puer Kategorien opgebaut. Et ginn 18 Geschichten erzielt ronderëm d’Literatur an hir Auteuren mat Objeten aus 30 verschiddene Fongen, déi zum Deel eréischt rezent an d’Archiv erakommen.

Zu der Ausstellung gehéiert och e Katalog a 6 Bänn, deen esou verpaakt ass, wéi d’Dokumenter an den Archiven, an enger schwaarz-marmoréierter Këscht.

Back to Top
CIM LOGO