Buch vun der WochDie Jesus-Verschwörung vum Matilde Asensi

RTL Lëtzebuerg
D’Matilde Asensi ass a Spuenien eng lieweg Legend. All hir Bicher lande ganz vir an de Bestsellerlëschten, si gëtt als weiblechen Dan Brown ugesinn.

Wien der Matilde Asensi hire virechten Historien-Thriller «Die Wächter des Kreuzes» gelies huet, dee kennt se schonn: déi feireg Sizilianerin Ottavia Salina an dee rouegen, iwwerluechten Ägypter Farag Boswell. Si hu sech kennegeléiert wéi d’Ottavia, déi als Nonn am Geheimarchiv vum Vatikan geschafft huet an de Farag als Archäolog, vum deemolege Poopst Jean-Paul II op d’Sich no verschwonnene Reliquie geschéckt gi sinn. Dobäi si si op d’Sekt vun de Staurophilaken an där hire Chef Kaspar Glauser-Rös gestouss, déi et sech zum Zil gesat haten, sämtlech Holzspläitere vum Kräiz, un deem de Jesus Christus gestuerwen ass, op der Welt ze klauen. Nodeems si siwe schwéier Epreuven a siwe verschiddene Stied gepackt hunn, entdecke si dem Konstantin de Grousse säi Graf zu Istanbul a gi Frënn mam Glauser-Röis, dee gläichzäiteg och
Chef vun der Schwäizer Garde am Vatikan ass. Doropshin décidéiert d’Ottavia, hiren Uerden ze verloossen a sech mam Farag ze bestueden.
Am Ufank vun der « Jesus-Verschwörung » liewen déi zwee zanter e puer Joer zu Toronto a Kanada a schaffen als Dozenten op der Uni, wéi se op eemol Besuch vun enger schwéierräicher Koppel kréien : den Jake an d’Becky Simonson wëllen déi zwee
engagéieren, fir no 9 Knacheschräiner ze sichen, an deem d’Iwwerreschter vum Jesus Christus a senger ganzer Famill sollen dra sinn. Antik Schrëftstécker sollen dat beleeën an d’Simonson-Koppel wëll déi ganz Expeditioun finanzéieren. En authentescht Stéck Holz vum Jesus-Kräiz, dat an hirem Besëtz ass, lackelt och de Glauser-Röis op de Plang, deen sech der Koppel soll uschléissen.
Als gleeweg Katholikin denkt d’Ottavia fir d’éischt net drun, op d’Sich no deenen Iwwerreschter ze goen, well dës Theorie komplett hirem Glawe widdersprécht an alles a Fro stellt, wat d’kathoulesch Kierch bis elo gepriedegt huet. Schliisslech maache se sech dach awer op de Wee an eng spannend Rees voller Rätselen an Iwwerraschunge fänkt un. Iwwer d’Mongolei an Istanbul landen se an Israel an de Katakombe vum Bierg Meron, wou se néng geféierlech Epreuvë mussen iwwerwannen ier se schlussendlech virum Zil vun hirer Expeditioun stinn…
Ob «Das Jesus-Video» an «Der Jesus-Deal» vum Andreas Eschbach, «Das Jesus-Testament» vum Cathleen Mc Gowan oder elo dës «Jesus-Verschwörung», Science-Fiction- oder historesch Mystery-Romaner mam Numm vum Härgott sengem Fils am Titel verkafe sech gemenkerhand gutt, aleng nëmmen wéinst deene Geheimnisser ronderëm alles wat mat Relioun ze dinn huet. A wa se dann nach aus der Iddiëfabrik vum Matilde Asensi kommen, déi a Spuenien e schrëftstellerecht Idol ass, da kann een sech op en etlech Stonne spannend Lektür freeën.
«Die Jesus-Verschwörung» huet nämlech alles, wat ee vun esou enger Zort Roman erwaart : e Plot, deen zwar spekulativ mä och plausibel genuch ass, well en op historesch fundéierten Tatsaache baséiert, e reliéisen Hannergrond, dee mat genuch rationellen Argumenter hannerfrot gëtt, fir intressant ze sinn an e roude Fuedem aus abenteuerleche Situatiounen a Rätselen, déi et ze léise gëtt, fir de Lieser bei der Staang ze halen. A wann och verschidden historesch a reliéis Explikatiounen e bësse laangootmeg sinn, sou missten d’Amateure vu Mystery-Thrilleren à la Dan Brown mat der «Jesus-Verschwörung» vum Matilde Asensi absolut hiert Gléck fannen.

D’Matilde Asensi ass a Spuenien eng lieweg Legend. All hir Bicher landen do op den éischte Plaze vun de Bestsellerlëschten a mëttlerweil ass si och amgaang sech weltwäit en Numm als eng Zort weiblechen Dan Brown ze maachen.No « Die Wächter des Kreuzes » kënnt elo deen zweete Band ronderëm hir Helden, d’ Wëssenschaftler Ottavia Salina a Farag Boswell op  Däitsch eraus. De Lucien Czuga huet « Die Jesus-Verschwörung » gelies.

Back to Top
CIM LOGO