
Den Auteur vum Buch vun der Woch ass keen Onbekannten: den T.C Boyle huet op en Neits e Buch erausbruecht. Den amerikanesche Schrëftsteller huet sech ënnert annerem en Numm gemaach mat Wierker wéi „Wassermusik“ an och „Grün ist die Hoffnung“.„Willkommen in Wellville“ ass verfilmt ginn mat an den Haaptrollen den Anthony Hopkins, John Cusack an Bridget Jones. Säin 16. Roman heescht: die Terranauten.
Den T. C Boyle engagéiert sech an senger Freizäit fir d‘Ëmwelt. Niewt dem Roman Drop City, ass Terranauten eng weider Vue fir eng Léisung ze fannen, wéi d’Mënschheet iwwerliewe kann. Fir dëse Roman baséiert hien sech op reell Evenementer aus den 90er Joren. Do goufen et effektiv Versich an Arizona fir eng kënschtlech Welt ze erschafen. A genee doraus entwéckelt den T.C. Boyle e Roman, deen och u Casting Emissiounen, wéi Big Brother, oder Dschungel denke léisst. Vläicht hëllt hien se bëssen op d’Schëpp.
D‘Buch Terranauten ass a véier opgedeelt. Am Ufank erlieft een datt d’Equipe fir dëse Projet laang huet missen virbereet ginn. Um Enn vun dëser Zäit entscheeden dann déi Responsabel wéi eng véier Männer a wéi eng véier Fraen an Ecosphere 2, och nach E 2 däerfen agespaart ginn. Well d’Begeeschterung fir dobäi däerfen ze sinn ass enorm grouss.
E2 ass e Komplex aus Glas. Ouni Hëllef vu baussen, mussen déi 8 Terranauten kucken fir sech selwer ze versuergen. An dat Ganzt ënnert dem Virsaz: näischt raus, näischt eran. Fir 24 Méint däerf Dier no baussen ënnert kengen Ëmstänn fréizäiteg opgemaach ginn.
Aber der Leitgedanke war, fünf der typischen Biome nachzubauen, die auf dem Planeten Erde Leben hervorbringen, und ein Ökosystem zu erschaffen, das es Lebewesen – unter anderem auch Menschen – erlauben würde, in einer lebensfeindlichen Umgebung wie zum Beispiel auf einem anderen Planeten oder in einer anderen Raumstation zu existieren. GV war einer der Ersten gewesen, die erkannt hatten, dass unsere Spezies durch Überbevölkerung, Industrialisierung und den bedenkenlosen Verbrauch fossiler Brennstoffe im Begriff war, das globale Ökosystem zu zerstören, oder jedenfalls entscheidend zu schwächen.
Déi 8 maache ganz fläisseg hir respektiv Aarbechten. Jiddereen huet een Zoustännegkeetsberäich. Donieft ass och all Dag een aneren un der Reih fir ze kachen. Jiddereen huet säin eegent Zëmmer, giess gëtt awer zesummen.
De Lieser erlieft Jalousie, Intrigen an och vereenzelt erotesch Amenter. Et kritt ee mat wéi an dem zweeten an drëtten Deel déi 8 Personnagen et dach net ëmmer einfach hunn bannent deenen 2 Joer. Sief et wëll besonnesch iwwer d’Wanterméint net méi sou vill do ass fir ze iessen. Oder datt och dann de Sauerstoff an dësem iwwergroussem Terrarium manner héich ass wéi während deenen anere Joreszäiten. Souguer eng Kéier ass et ganz kritesch ginn. Et passéiert nach eppes, wat dee ganze Projet un d’Wackele brénge kéint. Eng vun de Fraen erwaart e Kand.
Terranauten gëtt aus der Vue vun dräi Personnagen erzielt. Zwou liewen hanner Glas an eng ass dobaussen. Duerch dee verschidde Perspektiven kritt een nach méi Informatiounen, respektiv et kann een déi Protagonisten nach besser verstoen. D’Spannung, déi den T. C. Boyle versteet opzebauen, bleift domatter bestoen.
Ech fannen d’Thematik vun dësem Buch richteg interessant. Deen eenzege Bemol sinn déi vereenzelt Längten. Den amerikaneschen Auteur hätt sech, menger Meenung no, op deene Plaze kéinte bësse méi kuerz faassen.
De Roman „Die Terranauten“ huet 604 Säiten an ass am Carl Hanser Verlag erauskomm.