
Den Auteur vun der Engelsfors-Trilogie, Zirkel, Feuer, Schlüssel, déi an 30 Sproochen iwwersat ginn ass, Mats Strandberg ass mat sengem aktuelle Roman sou richteg bekannt ginn. Die Überfahrt ass net en einfache Roman, et ass een Horrorroman. De Cover op alle Fall versprécht sou munches: Spannung, Grauen an dat alles op engem Schëff.
D’Fär Baltic Charisma fiert reegelméisseg tëscht Schweden a Finnland hin an hier. Iwwer 2000 Passagéier kéinte mat fueren, mee et ass scho laang hir, datt d’Schëff komplett ausgebucht war. 24 Stonnen dauert et fir op deem Wee vu Stockholm op Abo ze kommen.
An der Zäit versichen d’Passagéier sech vun hirer Alldagsroutine ofzelenken an sech ze amuséieren. An dobäi gëtt net nëmme wéineg Alkohol gedronk.
Als Lieser léiert een no an no verschidde Personnage kennen, sief et vun de Passagéier oder vun dem Equipage. Jiddereen huet seng Problemer a gëtt méi oder manner gutt domatter eens. Den Dan Appelgreen, zum Beispill kuckt op seng Nidderlag a senger Carrière zréck. Hie war mol e bekannte Sänger awer elo trëtt hien all Dag op dësem Schëff op. Fir mat sengem Frust eens ze ginn, gräift hien regelméisseg zu Drogen :
Das Lied stammt aus dem Jahr, als er mit Gegen den Wind ein Combeback bei der Vorentscheidung zum ESC versucht hat. Eine Ballade, zu der er den Text selbst geschrieben hatte. Sie handelt vom Tod seines Vaters. Er hat sich vor dem gesamten schwedischen Volk nackt ausgezogen, aber er hat es dennoch nicht einmal bis in die zweite Runde geschafft.
Den Albin ass ee vun de Passagéier. Hien ass nach e Kand an hien ass mat senger Famill um Schëff. No an no begräift net nëmmen de Lieser mee och den Albin selwer, datt a senger Famill villes schif leeft. Oder de Calle, dee fréier um Schëff geschafft huet, an elo sengem Frënd eng Demande en Mariage op dëser Rees mécht. Och do leeft net alles wéi geplangt.
Bei dem Kenneléieren vun de Personnagen, sinn och zwee Liewewiesen dobäi, déi, wéi sech mat der Zäit erausstellt, keng Mënsche méi sinn : den Adam a seng Mamm. Mat hinnen fänkt den Horror un : si sinn Zombien. A fir ze iwwerliewen brauchen si Mënscheblud.
Eine Reihe von Erinnerungen und Gefühlen stürmt auf sie ein, doch jetzt versucht sie zum ersten Mal nicht, sie zurückzuhalten, dieses allerletzte Mal. Ihr Sohn. Ihr Ehemann. Die Zeit davor. Bevor ihr Sohn krank wurde und bevor sie sich ihre Kontakte in spiritistischen Kreisen zu nutze machte und einige Abtrünnige von der Theosophischen Gesellschaft ausfindig machen konnte, die sie an zwei der Alten weiterverwiesen. Geschöpfe, die nicht länger als Menschen durchgehen, geraten schnell in die Abhängigkeit von Helfern.
A sou een Helfer gëtt den Dan Appelgreen fir den Adam. Si hun e Plang fir d’Mënschheet ze vernichten. Wéi si dobäi virginn, wëll ech net verroden. Op der Baltic Charisma mécht sech Panik, Angscht, an Horror breet. E puer Persounen versichen géint dat Béist virzegoen.
Am Ufank vun der Geschicht erwaart een sech absolut keng sou eng Entwécklung. An deem Deel vum Buch spiert ee weider keng Spannung. Déi baut sech awer mat der Zäit lues a lues op. Bis zu deem Punkt, wou een onbedéngt wëll wëssen wéi et ausgeet.
De Roman ass a kleng Kapitelen opgedeelt, wou dann all Kéiers e Personnage am Mëttelpunkt steet an d’Situatioun aus senger Sicht beschreift. Domat kritt een als Lieser e besseren Gesamtiwwerblëck.
Obwuel ech elo net dee gréisste Fan sinn vu Zombiebicher, muss ech awer soen, datt dëst Buch mech gefesselt huet. Einfach fir ze wëssen op et en Happy End gëtt oder net.
De Mats Strandberg gëtt als de schwedeschen Stephen King duergestallt. Ob den Auteur deem d’Waasser reeche kann, woen ech awer ze bezweifeleDie Überfahrt vum Mats Strandberg ass am Tor Verlag eraus komm.n. Trotzdeem ass et e gelongent Buch an de Cover huet definitiv säi Versprieche gehale.
Die Überfahrt vum Mats Strandberg ass am Tor Verlag eraus komm.