Buch vun der WochDie wundersame Reise eines verlorenen Gegenstands

Marie Gales
Et ass den éischte Roman vum italieneschen Auteur Salvatore Basile. Dass hien och Dréibuchauteur ass, dat mierkt ee richteg gutt..
© Blanvalet

...well et huet een d’Geschicht vum Michele wéi e Film virun Aen, sou präzis an och interessant ass d’Buch geschriwwen. D’Marie Gales huet ''Die wundersame Reise eines verlorenen Gegenstands’’ gelies

AUDIO: BvdW: Die wundersame Reise eines verlorenen GegenstandsEt war den Titel vum Buch, dee mech ugezunn hat fir dëst Buch unzefänke mat liesen. A wéi ech dunn amgaange war, konnt ech och guer net méi ophalen. Net just wëll et flësseg geschriwwen ass, also flësseg iwwersat aus dem Italienesche vum Elvira Bittner, mä och well d’Geschicht einfach wéi e Magnéit unzitt fir weider ze liesen.
Mir léieren den dach bëssi spezielle Michele kennen, deen an engem klengen idylleschen Duerf an Italie wunnt, ganz eleng. Hie schafft bei der Eisebunn, seng Aufgab ass et d’Géigestänn, déi am Zuch leie bliwwe sinn, anzesammelen. Mat Verluer goen oder Verluer sinn, domadder kennt de Michele sech aus. Sichen ass schonns méi schwéier, dofir huet de Michele net déi richteg Kraaft. Déi kritt hien awer vum Elena. Dës jonk Fra, déi och hire Päckelchen ze droen huet, rappt hien aus sengem Elengsinn a gehäit säi Liewen och richteg gutt duercherneen.

Verluer goen kann alles a jiddereen, mä sichen an dann och nach fannen...dat erfuerdert Courage an net jidderee kann dat verschaffen oder domadder ëmgoen. Och fir de Michele ass dat schwiereg, mä hien traut sech endlech a mécht eng Rees. An de Rescht liest Dir am beschte selwer.
De Salvatore Basile ass den Auteur vun dësem dach léiwe Buch. Hien lieft zu Roum a schafft do als Dréibuchauteur a Regisseur. Zanter 10 Joer gëtt hien a Mäiland Unis-Coursen fir kreatiivt Schreiwen. ''Die wundersame Reise eines verlorenen Gegenstands’’ ass säin éischte Roman an deen ass total gelongen. Gär nach een....

Die wundersame Reise eines verlorenen Gegenstands vum Salvatore Basile ass bei Blanvalet erauskomm

Back to Top
CIM LOGO