
Op der bretonescher « Île de Groix » wor d’Lou bekannt als eng exzentresch Fra, mat däer ee konnt Päerd stielen. Elo ass si doud an si huet hirem Mann Jo eng ganz schwiereg Aufgab hannerlooss : hir zwee Kanner nees glécklech ze maachen. Ob a wéi him dat geléngt, dat gëtt ee gewuer am neie Roman vum Lorraine Fouchet, « Ein geschenkter Anfang ».
AUDIO: 11/04/2017 Buch vun der Woch “Ein geschenkter Anfang” vun de« Ein geschenkter Anfang », dat ass am Fong d’Geschicht vun
engem « Message in a bottle ». Neen, hei geet et net ëm dee
berühmte Song vu Police, mä ëm eng richteg Fläschepost, déi an
enger Champagnerfläsch vu Mercier bei engem Notär fir de Jo
hannerluecht gouf. De Jo, dat ass de Mann vum Lou, déi viru
kuerzem gestuerwen ass a jidderengem ugedreet huet, net méi
mat him ze schwätzen, wann hien op hirem Begriefnës géif
kräischen. Jo, d’Lou wor e bësse speziell a skurril an dofir hat
och all Mënsch si gär. Si konnt zum Beispill iwwerhaapt net
kachen, hat dofir awer e ganzt Regal voller Kachbicher
doheem stoen!
An hirem Testament huet si dem Jo eng Aufgab ginn : hie misst
dofir suergen, dass hir Kanner Cyrian a Sarah nees géife
glécklech ginn. Eréischt dann dierft hien dee leschte Bréif vun
hir opmaachen, deen an der versigelter Schampesfläsch op hie
waart.
De Jo wor 20 Joer laang Dokter zu Montparnasse, ier hien
sech als Pensionär mat senger Fra an hiren zwee Kanner op
d’ « Ile de Groix » virun der Bretagne zréckgezunn huet. Hien
huet sech ni besonnesch fir seng Kanner intresséiert, an hir
Erzéiung dem Lou iwwerlooss. Esou huet hien och ni richteg
matkritt, datt si, jidderee fir sech, an enger komplizéierter
Bezéiung sinn. An elo huet hien déi schwiereg Aufgab, dëse
Problem ze léisen.
D’Sarah leid ënner multipler Skleros a säi Frënd Patrice huet
hatt dofir virun 10 Joer verlooss, wéi hatt him deemools gesot
huet, dass hatt déi Krankheet hätt. Fir iwwer dëse
Schicksalsschlag ewech ze kommen, wiesselt hatt zanterhier
d’Amanten wéi aner Leit d’Hiemer. De Cyrian ass mam Albane
bestued, mä hie bedréit hatt no Stréch a Fuedem mam Dany, fillt
sech dobäi awer net glécklech. Well de Jo awer genee dat als
Aufgab vum Lou kritt huet, an zwar seng zwee Kanner nees
glécklech ze maachen, suergt hien dofir, dass d’Sarah de Patrice
erëmgesäit an dass de Cyrian sech tëscht dem Albane an dem
Dany entscheed. Eréischt dann gëtt hie gewuer, wat an der
Schampesfläsch stécht…
« Ein geschenkter Anfang », deen neie Roman vum Lorraine
Fouchet ass keng vun deenen düsteren an traurege
Familljesagaen ronderëm en däischtert Geheimnis, mä en
optimistescht, witzegt, a positivt Buch mat engem Message, an
zwar deem, dass keng Situatioun esou verzweiwelt ass, dass een
sech net en neien Ufank kéint schenken, wann een nëmme wëll.
Mä déi eigentlech Vedett vun dësem Buch ass net d’Famill, ëm
déi et geet, mä d’Insel Groix an d’Bretagne ganz allgemeng. Déi
gëtt vum Lorraine Fouchet mat esouvill Léift a Begeeschterung
beschriwwen, datt een am léifsten op der Plaz alles stoen a leie
géif loossen an eng kleng Sprëtztour an dës wonnerschéi
Regioun vu Frankräich géif maachen !
« Ein geschenkter Anfang » ass als Hardcover bei Atlantik Bücher am Verlag Hoffmann & Campe erauskomm