Buch vun der WochEine englische Ehe vum Claire Fuller

RTL Lëtzebuerg
D'Buch gouf op däitsch am Piper Verlag verëffentlecht. D'Originalversioun heescht "Swimming lessons"

D’Claire Fuller ass eng britesch Autorin. Si gouf 1967 am Dorset gebuer, huet Konscht studéiert an duerno eng Carrière am Marketing gemaach.
Mam Schreiwen huet si réischt zimlech spéit ugefang: hiert éischt Buch « Our endless numbered days » ass 2015 erauskomm an ass direkt priméiert ginn mam Desmond Elliott Price. „Swimming Lessons“, op Däitsch „Eine englische Ehe“ ass hiren zweete Roman.
Kenne geléiert hunn d’Ingrid an de Gil sech am Fréijoer 1976 zu London. D’Ingrid ass eng norwegesch Studentin mat villen Ideeën a grousse Pläng, de Gil ass hire Literaturproff. Si ass faszinéiert vun deem charismateschen, e gudde Krack méi ale Mann, obwuel si vun alle Säite gewarnt gëtt, sech net an där Relatioun ze verléieren.
Mä schonn am September 1976 gëtt d’Ingrid schwanger. An obwuel d’Situatioun net einfach ass an d’Sue knapp, ass de Gil begeeschtert, e Kand ze kréien. Si bestuede sech, d’Ingrid muss d’Uni ouni Ofschloss verloossen, an de Gil hëlt si mat a säin ofgeleeënt Haus un der Küst vun Dorset
D’Nan kënnt op d’Welt. D’Ingrid ass isoléiert an ugestréckt, de Gil féiert säi Liewen: meeschtens ënnerwee, total Prioritéit op säi Schreiwen, a méi wéi intresséiert un anere Fraen. D’Ingrid leit, duerchlieft Phase vun Trauer a Roserei, mä zäitweis huet d’Koppel awer och méi harmonesch Momenter. D’Ingrid gëtt nees schwanger, verléiert awer dëst an och dat nächst Kand.
1982 dann d’Gebuert vum Flora. Lo ass d’Ingrid eleng mat zwee Kanner, en onbefriddegenden, stressegen Alldag. Si vermësst hire Mann a fënnt eigentlech hiren eenzegen Ausgläich am Schwammen. Su oft wéi méiglech, oft och an der Nuecht, verbréngt si Stonnen am Mir.
An dann, Mëtt 1992 verschwënnt d’Ingrid.
12 Joer méi spéit mengt de Gil, hien hätt seng Fra op der Strooss gesinn. Seng zwee Meedercher komme bei de Papp a probéieren eraus ze fannen, wéi vill Realitéit am Gil senger Beobachtung stécht.

Sou wäit zum chronologeschen Oflaf vun dësem „englesche Bestiednis“. De Lieser kritt der Koppel hiert Liewen an hir Bezéiung awer nach aus engem méi spezielle Bléckwénkel presentéiert: während deene 6 Wochen, éier d’Ingrid verschwënnt, schreift si hirem Mann Bréiwer. Mä amplaz him déi ze schécken, verstoppt si se am Gil senge ville Bicher. An dësen Texter spiert de Lieser, wéi di jonk Fra ëmmer méi verzweiwelt, wéi hoffnungslos, rosen an desillusiounéiert si ass.
An e weideren, interessante Bléck op dat komplizéiert Familljeliewen kréie mir duerch d’Flora. Si ass mëttlerweil Ufank 20, war ëmmer e Pappekand an stoung oft, ausser beim Schwammen, op Krichsfouss mat hirer Mamm.
„Eine englische Ehe“, e gutt geschriwwene Roman, e spannende Puzzle mat klorem Bléck fir Personnagen a Situatiounen. Déi 350 Säiten liese sech gutt, d’Geschicht gëtt op eng originell Manéier erzielt. Fir mech sinn awer nach e puer Ongereimtheete bliwwen, munches war mir net kloer, je, iergend eppes huet mech gestéiert fir richteg ze akkrochéieren.

D’Claire Fuller ass eng britesch Autorin. Si gouf 1967 am Dorset gebuer, huet Konscht studéiert an duerno eng Carrière am Marketing gemaach.Mam Schreiwen huet si réischt zimlech spéit ugefang: hiert éischt Buch « Our endless numbered days » ass 2015 erauskomm an ass direkt priméiert ginn mam Desmond Elliott Price. „Swimming Lessons“, op Däitsch „Eine englische Ehe“ ass hiren zweete Roman. Hie gouf lo am Piper Verlag verëffentlecht. D’Manon Bercker huet et gelies.

Back to Top
CIM LOGO