Buch vun der Woch"Good as gone" vum Amy Gentry

RTL Lëtzebuerg
« Good as gone» ass als Täschebuch bei C. Bertelsmann erauskomm.

E Meedche verschwënnt a kënnt enges Daags als eng friem Fra nees zréck. Dat Schlëmmst, wat Eltere passéiere kann, an zwar de Kidnapping vun hirem Kand, ass de Sujet vum éischte Roman vum Amy Gentry. E Roman, dee ganz kloer op de Succès vu Bicher wéi «Gone girl » oder « The girl on the train » spekuléiert.

Den Tom an d’Anna féieren e ganz normaalt Liewen an engem Viruert vun Houston am Texas, bis hir Duechter Julie enges Daags aus sengem eegene Schlofzëmmer entféiert gëtt. E Mann bedréit hatt mat engem Messer a schleeft et aus dem Haus, iwwerdeems d’Jane, seng méi jonk Schwëster, dat sech an engem Schaf verstoppt huet, deem Ganze voller Angscht nokuckt.

Aacht Joer méi spéit steet d’Julie op eemol enges Daags nees vrun der Dier. Den Tom an d’Anna sinn natierlech ausser sech vru Gléck, hatt erëm ze hunn, mä aus Respekt vrun deem Trauma, dat hir Duechter muss duerchlieft hunn, froen si net ze vill no, wat him an all deene Jore passéiert ass. Alles wat hatt bereet ass ze soen, ass datt d’Julie an där Zäit, wou et an der Gewalt vu sengem Entféierer war, méi wéi eng Kéier vergewaltegt ginn ass. Mä wat hatt sech méi am Liewe vu sengen Elteren nees installéiert, wat bei deenen och ëmmer méi e ganz schlëmme Verdacht opkënnt: Handelt et sech bei deem Julie, dat erëmkomm ass och tatsächlech ëm dat Julie, dat entféiert ginn ass? A well d’Julie ëmmer méi dacks vun doheem verschwënnt ouni eppes ze soen, decidéiert d’Anna enges Daags, där Saach op de Grond ze goen an hatt onopfälleg ze verfollegen. Dobäi ass si sech bewosst, dass si riskéiert, jee nodeems, wat si erausfënnt, de ganze fragillen Zesummenhalt vun der Famill nees a Gefor ze bréngen. An dunn, matzen an dës Enquête, platzt op eemol d’Noriicht, dass d’Läich vun enger jonker Fra fonnt ginn ass…

Fir en éischte Roman ass « Good as gone » vum Amy Gentry immens clever geschriwwen. D’Story gëtt nämlech aus verschiddene Perspektiven erzielt, dorënner déi vum Anna, der Mamm, an déi vum Julie, der Duechter, déi fir d’éischt §verschwonn an du wéi duerch e Wonner erëmkomm ass. Mä ass et iwwerhaapt d’Julie? Dës Fro zitt sech duerch dat ganzt Buch an d’Identitéit vum Meedche gëtt ëmmer nees hannerfrot, besonnesch, well ëmmer nees während verschiddene Flashbacke Personnagen optauchen, déi d’Julie kéinte sinn oder och net. Sollt hatt all déi Personnage gewiescht sinn, dann huet hatt an deenen aacht Joer, wou hatt verschwonne war, méi Saachen erlieft, wéi en normale Mënsch a sengem ganze Liewen. D’Amy Gentry bréngt et op jiddwerfalls fäerdeg, dem Lieser dëse ganze Lieweslaf plausibel ze maachen an hie bis zum Schluss vum Buch rätselen ze loossen, ob d’Julie elo echt ass oder net.

« Good as gone » ass deemno e brillant geschriwwene Roman iwwer eng vun deenen essentielle Froe vun der Existenz: Wat ass Identitéit a wéi dréckt se sech aus?

Buch vun der Woch: Good as gone vum Amy Gentry

Back to Top
CIM LOGO