
Dem Jean Back geléngt et, mat senger Geschicht iwwert déi besonnesch Bezéiung tëscht engem Banquier an engem Iesel e pechschwaarzt Bild vun der Verréiung vun eiser Gesellschaft nozezeechnen.
De Broker Till lieft mat senger Fra Lucie an de Kanner Mireille an Tom an enger restauréierter Millen, déi mëtten an enger houfreger Wunngéigend läit. Fir de Kanner eng Freed ze maachen, keeft en hinnen en Iesel.
„Kuck dach. E frësst.“
„Wat soll e soss maachen? Iesel frësst an Iesel schäisst. De Laf vun der Natur.“
„Till, du bass en Zyniker.“
„Sinn ech net.“
„Kloer bass de dat. Du hues kee Sënn fir esou Béischt.“
„Garantéiert hunn ech deen. D’Kleopatra hat sech an Ieselsmëllech gebuet.“
„Wou steet dat? Wee seet dat? An Iesel ass e Mann. Dee gëtt keng Mëllech.“
„Iesel ass en Hengscht, Lucie. An déi ginn och Mëllech.“
„Heiansdo.“
Dobäi erfëllt d’Déier d’Funktioun vun der Méimaschinn grad ewéi vun der Dekoratioun vun der Proprietéit – Et ass eng Investitioun an d’Haus. Alles schéngt perfekt, d’Famill, de Beruff, mee op engem gewéinlech Dag geschitt eppes Onerwaartes mat schwéiere Folgen.
D’Erzielung Iesel gouf fir d’éischt 2016 publizéiert an der Galerie, Revue culturelle et pédagogique 34, Nr. 2,
2016. Si gouf zanterhier liicht iwwerschafft.

Jean Back
1953 gebuer, huet sech scho fréi mat der Fotografie, mam Zeechnen an och mam Film beschäftegt. No de Joren am Escher Jongelycée huet en am Familljeministère geschafft, ass 1985 an de Kulturministère gewiesselt, wou e matgehollef huet den Centre national de l’audiovisuel (CNA) an d’Liewen ze ruffen, deem e bis Februar 2016 als Direker virstoung. Säin éischte Roman Wollekestol, a lëtzebuergescher Sprooch, koum 2003 bei ultimomondo eraus. Weider Publikatiounen sinn: Mon amour schwein (ultimomondo, 2008); Amateur (ultimomondo, 2009), déi 2010 mam Europäesche Literaturpräis augezeechent a bis elo a sechs Sproochen iwwersat gouf; Wéi Dag an Nuecht (ultimomondo, 2012); Fitbull, een Text deen als Bäitrag fir de Sentier des Poètes ronderëm den Tëtelbierg verfaasst an an 28 Sproochen iwwersat gouf. D’Erzielung Karamell (ultimomondo) gouf 2014 publizéiert an 2015 Zalto Mortale (Kremart Éditions). Trakl Blues (Kremart) vum Jean Back, gëtt den 1. Dezember zu Esch an der Kulturfabrik virgestallt.