Nei um Bichermaart"Jidderee gaapst" & "D'Sich vum Pappa Séipäerdchen"

RTL Lëtzebuerg
Mat 2 Kannerbicher "mat Klappen" fir déi ganz Kleng start Kremart Edition an d'Joer 2017.

Et sinn zwou Iwwersetzunge vun der bekannter hollännescher Autorin an Zeechnerin Anita Bijsterbosch. Dat Extrat un de Bicher: Si hunn “Klappen” an et gëtt jett do derhannert ze entdecken! - Jidderee gaapst

‘t ass Zäit, fir schlofen ze goen! D’Miissi ass schonns e bëssi midd. All d’Déiere musse gaapsen. Lues, duuss, mat liichtem Gegrommels. An d’Kand, ass hatt och scho midd? Fann et eraus, andeems de d’Klappen opméchs ... Awer opgepasst: Gaapse stécht un! – E Gutt-Nuecht-Buch mat lauter Klappen, hannert deene sech midd Déiere verstoppen. Vun ongeféier 24 Méint un. (Vum US-Magazin Kirkus als “Best Picture Book 2016 for Animal Lovers” ausgezeechent.)

Anita Bijsterbosch: Jidderee gaapst
Kremart Edition, ISBN 978-99959-39-70, 26 Säiten, 12,95 Euro

- D’Sich vum Pappa Séipäerdchen

De Pappa vun de Séipäerdercher huet eent vu sengen zéng Kanner verluer. Hie sicht et hannert de Korallen, an der Muschel an ënnert de Fielsen. Ma hie fënnt nëmme Kanner vun aneren Déieren. Kanns du se zielen? A kanns du deen zéngte Puppelche vum Pappa Séipäerdche fannen? – E faarwegt Ziel-Buch mat grousse Klappen, dat Iech mathëlt an d’Welt ënner Waasser, wou de Pappa Séipäerdche mat sengen zéng Bëbee Séipäerdercher lieft. (Gewënner vum hollänneschen “KIDDO Leespluim"-Präis 2016.)

Anita Bijsterbosch: D’Sich vum Pappa Séipäerdchen
Kremart Edition, ISBN 978-99959-39-71-7, 26 Säiten, 12,95 Euro

Back to Top
CIM LOGO