Buch vun der WochJP Delaney: The girl before

RTL Lëtzebuerg
"The girl before" ass op Däitsch bei Penguin erauskomm.

« Gone girl », « The girl on the train »…geet et duer, wann een dat Wuert « Girl » am Titel vun engem spannende Thriller ënnerbréngt, fir doraus e Weltbestseller um Bichermaart ze maachen?

Géif Dir an en Haus wunne goen, wann dir dofir misst e Vertrag ënnerschreiwen, an deem méi wéi 200 Punkten opgezielt sinn, wat Der däerft a wat net ? Zum Beispill dass Dir op kee Fall eegen Dekoratiounsobjete matbréngen däerft, keng aner Luuchte wéi déi, déi schonn do sinn, kee Pabeierkuerf, keng Miwwel fir selwer zesummenzebauen… Selbstverständlech sinn Hausdéieren total Tabu a fëmmen ass en absoluten No-Go. Dofir ass de Loyer awer immens niddreg an e Spottpräis géintiwwer vun allem, wat an dëser iwwerdeierter Londoner Géigend ugebuede gëtt. Ideal deemno fir d’Jane, eng jonk Fra, déi grad iwwer de Verloscht vun engem Kand bei der Gebuert muss ewechkommen a verzweiwelt no enger Wunneng sicht, déi si bezuele kann. A wéi duerch e Wonner ka si sech och géint all déi aner Konkurrenten duerchsetzen an an d’Haus an der Folgate Nr 1 anzéien. Et handelt sech dobäi ëm e Smart Home, dat vun engem weltbekannten Architekt gebaut gouf, dem Edward Monkford, dee berühmt ass fir seng streng a minimalistesch Architektur. An deem Haus gëtt alles wéi vun enger onsiichtbarer Hand gereegelt : d’Heizung, d’Waasser an den Duschen, d’Beliichtung, alles fonctionnéiert op verbale Kommando oder reagéiert op d’Kierperhëtzt vum jeeweilege Bewunner.

Mä wat d’Jane méi laang do wunnt, wat si méi iwwer d’Vergaangenheet vun deem Haus an iwwert deen, deen et gebaut huet, gewuer gëtt. Sou ass déi virlescht Locatairin, d’Emma, bei engem Accident am Haus gestuerwen, wéi se vun der Trap vum 1. Stack gefall ass, déi net duerch e
Gelänner geséchert ass. An och d’Elizabeth an de Max, d’Fra an de Fils vum Architekt, si bei engem Onfall um Chantier vum Haus ëmkomm. A wéi si gewuer gëtt, dass déi zwee ënnert dem Haus begruewe goufen, et sech also och quasi ëm e Mausoleum handelt, kommen dem Jane éischt Zweiwelen. Déi ginn nach méi grouss, wéi si erausfënnt, dass si quasi d’Copie vum Emma a vum Elizabeth ass. Mä dunn ass et scho bal ze spéit, well si sech mam Edward Monkford, engem absolute Kontrollfreak a psychorigiden Egoist, agelooss huet an e Kand vun him erwaart…

Beim JP Delaney handelt et sech ëm e Pseudonym fir e Kreativen aus enger grousser Londoner Publicitéitsagence. Wann een him gleewe kann, dann huet hie 15 Joer laang un « The girl before » geschriwwen. Dobäi ass et him gelongen aus dësem Roman grad esou eppes Eideles an Onperséinleches ze maache wéi dat Haus, dat hien dodra beschreift. Et spiert een nämlech bei all Säit, déi een ëmbliedert, dass dëst Buch just fir een Zweck geschriwwe gouf : fir doraus e glaten, perfekt gestylte Weltbestseller ze maachen, deen néierens uneckt a bei der grousser Mass iwwerall op der Welt ukënnt. Bis op de Monkford sinn d’Personnagen eidel an ouni Liewen, se handele wéi Marionetten a sinn immens previsibel. An dat ganzt steiert op e Schluss zou, deen esou op der Hand läit wéi de Smartphone, mat deenen ee sämtlech Appen am Haus an
der Folgate Street Nr 1 bedénge kann !

“Gone Girl” , “The Girl On The Train” ... anscheinend geet et duer, wann een dat Wuert “Girl” am Titel vun engem spannende Thriller ënnerbréngt, fir dorausser e Weltbestseller um Bichermaart ze maachen. Dat wäert och den JP Delaney sech geduecht hunn, dee bis elo an der Publicitéit zu London geschafft huet. Ob et him gelongen ass, aus deem Wonschdenke Wierklechkeet ze maachen, seet eis elo de Lucien Czuga.

Back to Top
CIM LOGO