Lecture vun heiheemKannerbicher fir mat an d'Vakanz

RTL Lëtzebuerg

Ob am Fliger, am Auto oder am Zuch: op der Rees kann engem emol d’Zäit laang ginn, an dat gëllt besonnesch fir Kanner! Dat ass leider net ze änneren, mä mat e puer flotte Kannerbicher kommen engem déi Stonnen net méi grad esou laang vir. D’Bea Kneip huet e puer Buchtipps fir Iech zesummegestallt.

- “Kanner, d’Fouer, Falschgeld” vun der Viviane Daman ass bei den Editions Phi erauskomm
- “De Wëllefchen an de Fiisschen” mam Originaltext vum Dicks, an den Illustratioune vum Susy Schmit ass bei den Editions Rol Schleich erauskomm
- “Déi kleng Prinzessin: Ech maachen dat selwer!” vum Tony Ross ass bei Kremart Edition erauskomm. Lëtzebuergesch Iwwersetzung: Christiane Kremer
- “Dick Whittington a seng Kaz” vum A. Wallis Lloyd mat Illustratioune vun der Lisa-Marie Graf ass der Editioun Friederich-Schmit erauskomm. Lëtzebuergesch Iwwersetzung: Jeanny Friederich-Schmit

Back to Top
CIM LOGO