Buch vun der WochKleine große Schritte

RTL Lëtzebuerg

D’Jodie Picoult ass 2007 mat „Neunzehn Minuten“ wochelaang op der Plaz 1 vun der Best–seller Lëscht vun der New York Times. Schonn an deem Buch huet si en delicat Thema behandelt: en Amoklaf an enger Schoul. D´Buch „Beim Leben meiner Schwester“ ass esou guer mam Jodi Foster verfilmt ginn. Do geet et ëm kënschtlecht Befruchtung, an Organtransplantatioun. An hirem aktuelle Wierk thematiséiert d’Jodi Picoult de Rassismus an der haiteger Zäit.

D´Protagonistin an dësem Buch ass d´Ruth Jefferson. Si zielt mat hiren iwwer 20 Joer Beruffserfarung zu de beschten a kompetentsten Hiewanen am Mercy West Haven Hospital. D´Ruth ass Witfra a Mamm vun engem siwwenzéng Joer ale Bouf, dem Edison. Den 2. Oktober 2015 wëll e frësch gebakene Papp vun engem Bouf, net méi wëll, datt d´Ruth sech nach eben em den Davis këmmert. An dat just well si Afroamerikanerin ass.

An et kënnt wéi et komme muss, d´Ruth geréit an eng Situatioun, wou si entscheede muss, ob si hier Plaz op d´Spill setzt, oder ob si sech entgéint der Uweisung vun hirer Virgesetzten, versicht den Davis ze rette wéi deen ëm säi Liewe kämpft. Si lauschtert am End Effekt op hiert Gewëssen. Leider konnt dee Klengen net méi gerett ginn a stierft. De Papp vum Davis, den Turk Bauer, beschëllegt d´Ruth Schold um Doud vum Davis ze sinn.

Dem Ruth seng Mamm huet d´Ruth vu klengem un gefuerdert, wou si nëmme konnt. Entgéint der allgemenger Astellung géigeniwwer vun Afroamerikaner, huet d´Ruth et zou eppes bruecht.

Liebes‘, sagte meine Mutter, es ist nicht leicht für ein schwarzes Mädchen, das etwas erreichen möchte. Du musst ihnen zeigen, daß du kein schwarzes Mädchen bist. Du bist Ruth Brooks.‘ Dabei drückte sie mir die Hand. ‚Du wirst alles Gute , was dir entgegengebracht wird, bekommen – nicht weil du darum bettelst und auch nicht wegen deiner Hautfarbe. Sondern weil du es verdienst.

D´Ruth Jefferson kritt de Prozess gemaach wéinst ënnert anerem Mord. De juristesche Bäistand gëtt vum Kennedy Mc Quarrie assuéiert. Hir Strategie viru Geriicht baséiert sech just op wëssenschaftlech Fakten. Si seet ëmmer erëm, datt d´Thematik Rassismus net an de Geriichtssall gehéiert, dat wär net gutt u gesinn.

No an no christaliséiert et sech awer eraus, datt de rassisteschen Hannergrond an dësem Prozess net kann ignoréiert ginn.

Man glaubt, ein geachtetes Mitglied einer Gemeinschaft zu sein – des Krankenhauses, in dem man arbeitet, der Stadt, in der man lebt. Ich hatte einen wunderbaren Job. Ich hatte Kolleginnen, die meine Freundinnen waren. Ich wohnte in einem Zuhause, auf das ich stolz war. Aber das war nur eine Illusion. Ich war niemals ein Mitglied dieser Gemeinschaft. Ich wurde toleriert, war aber nicht willkommen.

Och wann d´Buch bal 600 Säiten huet, ass et mir zu kengem Ament langweileg ginn. Am Géigendeel, ech konnt ob emol net méi ophale mat liesen. Déi verschidde Siichtweisen déi een duerch déi eenzel Personnage kritt, huet et mir och kloer séier erméiglecht Positioun zu huelen. Mir sinn d’Schudderen de Réck erof gelaf, wéinst dem Turk Bauer säi Behuelen a seng Astellung.

Et geet een natierlech dovunner aus, datt wann an dësem Buch vu Rassismus geschwat gëtt, vun deene groussen Tëschefall rieds ass, wéi eben den Turk Bauer ëmmer erëm demonstréiert. Et gëtt kloer gestallt, datt déi Mënsche mat enger wäisser Hautfaarf Facilitéiten an hirem Liewen hunn par Rapport zu deene mat enger méi däischterer Hautfaarf. Fir déi ass villes net sou einfach, fir déi ass villes net selbstverständlech.

Et kritt een als Lieser d´Aen opgemaach. Villes weess een, villes ass een sech awer net bewosst. D´Autorin huet dat alles verständlech geschriwwen, fir op déi Mëssstänn an der haiteger Zäit opmierksam ze maachen. Schonn eleng dowéinst, awer net nëmmen, ass dëst Buch ze recommandéieren.

De Produzent vu La La Land huet erkannt, datt dëst Buch Potential huet fir verfilmt ze ginn. An den Haaptrolle sollen d’Julia Roberts an d’Viola Davis spillen. D’Buch „Kleine groβe Schritte“ vum Jodi Picoult ass beim C. Bertelsmann Verlag eraus komm.

Back to Top
CIM LOGO