
Les Puissants.
AUDIO: 15/08/2017 Buch vun der Woch: Les PuissantsDës Kéier wousst ech Bescheed, et ass dat éischt Buch vun enger Trilogie a war du gewarnt, dass et ebe kee richtege Schluss géif ginn. Am Buch liewe mir an engem England, an deem all Mënsch 10 Joer vu sengem Liewe muss als Sklav déngen. Just e puer Privilegéiert, les Egaux wéi se an der Geschicht genannt ginn, räich Aristokraten mat iwwernatierlecher Muecht, si fräi an regéieren och dëst Land. All déi aner si Sklave fir 10 Joer...dat ass gewosst, et kann ee just wielen wéini ee goe wëll.
Mir léieren d’Abi a seng Famill kennen, säi jonke Brudder, seng kleng Schwëster an och d’Elteren, zesummen hu si wëlles hir 10 Joer an der Sklaverei ze verbréngen. Ma de Plang geet net op a mir léieren e puer Plazen kennen, op deenen een als Sklav schafft. An déi si ferm verschidden. Op der enger Plaz ass et alt méi schéin wéi op der anerer. Allerdéngs gëtt alles e bëssi vague gehalen. Ma e puer grauseg Entdeckungen huet d’Buch schonns parat an och eng kleng erwäschte Léift soll net ze kuerz kommen.
D’Buch geet mat engem Drama op en Enn, obwuel alles anescht schéngt ze sinn wéi et sech presentéiert. Et si och och iwwernatierlech Muechten hei am Spill, an do geléngt et mol dësen Egaux sech an d’Gedanken vun hire Sklaven ze schläichen. Méi verroden ech net.
Les Puissants liest sech séier, ech hunn déi franséisch Versioun gelies, am Original heescht d’Buch ''Gilded Cage’’ an d’Vic James huet dëse Roman geschriwwen. Si huet Geschicht an Englesch studéiert a war eng Zäitchen als Journalistin aktiv, am Ausland an dunn nees an England. Elo huet si sech ganz dem Schreiwe verschriwwen. Déi englesch Schrëftstellerin hat Gilded Cage fir d’éischt um Internet publizéiert an hat domadder e grousse Succès fonnt. Elo gëtt et dann och dat richtegt Buch...
Les Puissants 1. Deel mam Ënnertitel ''Esclaves’’ ass bei Nathan erauskomm. Fir d’Fréijoer nächst Joer ass den zweeten Deel virgesinn.