
Mat dësem flotte Mountkalenner fir opzehänken, dee sech aus “photopeintures” vun der franséischer Kënschtlerin Sophia Rein (déi zu Lëtzebuerg lieft a schafft) zesummesetzt, léiere mir eis Haaptstad nei kennen. Dobäi konzentréiert sech d’Sophia Rein op markant Bauwierker a Stroosse vun der Stad Lëtzebuerg, wéi zum Beispill d’Avenue de la Liberté, d’Philharmonie, d’Gebai vun der Post um Aldringer, de Palais Grand-Ducal oder de Musée Dräi Eechelen. All eenzelt Bild beweist, datt d’Sophie Rein eigentlech vun de franséischen Impressionisten hierkënnt, an et fält op, datt si et meeschterhaft versteet, Stëmmung a Poesie mateneen ze verbannen. Kee Wonner, datt auslännesch Gäscht ëmmer erëm faszinéiert si vun der bautechnescher Diversitéit vun dëser klenger, mee onverwiesselbarer Weltstad. Opfalend un dësem fuerweprächtege Kalenner ass och, datt kee Bild deem anere gläicht. D’Sophia Rein ass vun hirer Wahlheemecht begeeschtert. Hir Freed beim Afänke vun dësen architektoneschen Herrlechkeeten ass op alle “photopeintures” spierbar.
Déi franséisch Kënschtlerin Sophia Rein gouf 1971 zu Paräis gebuer. Si ass zu München an a Südfrankräich opgewuess a lieft haut zu Lëtzebuerg. Si huet zu Stroossbuerg studéiert an huet en DESS a Sciences Politiques an Droit an am Droit.
...............................................................
Lëtzebuerger Kalenner 2018. Fir opzehänken; zou: 34 x 24 cm; op: 34 x 48 cm
Präis: 15 €. ISBN: 978-99959-2-014-2
An de Bicherbutteker oder op www.editions.lu