
Dës flott CD mat 67 Titele fir déi Kleng aus dem Precoce an aus der Spillschoul ass endlech erëm do!
Bei enger Längt vu 74 Minutten entdecken d’Kanner Lidder, Spréchelcher a Geschichten a ganz ville Sproochen: Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch, Englesch, Portugisesch, Italienesch a Flämesch.
Et handelt sech ëm Klassiker wéi zum Beispill: „Sur le pont d’Avignon“, „Mein kleiner grüner Kaktus“, „Sëtzt een Äffchen op der Träppchen“, „Frère Jacques, Frère Jacques“, „Mir bauen eng kleng Bréck“ oder „Wäschfraen zu Siweburen“. Et sinn och zwou dräisproocheg Geschichten drop, déi op portugisesch, franséisch a lëtzebuergesch erzielt ginn.
Benji Butzemann CD:
Lidder, Spréchelcher a Geschichten aus dem
Benjamin-Club
ISBN: 978-99959-999-1-9
Jewelcase
Spillzäit: 74 Minutten
17,50 €