
Et handelt sech ëm Iwwersetzungen, mat deene Kremart Edition sech un jonk, deelweis souguer u ganz jonk Lieser adresséiert.
“Däerf ech an deng Lomp luussen?”
Ideal fir virwëtzeg Kanner, déi wëlle propper ginn
D’Maus ass immens virwëtzeg. Iwwerall wëll si eraluussen, souguer an d’Lompe vun hire Frënn. Den Hues, d’Geess, de Mupp, d’Kou, d’Päerd an d’Schwéngche kréien een nom aneren hir Lomp ënnersicht ... Duerno wëllen d’Frënn natierlech och gewuer ginn, wat an der Maus hirer Lomp ass. Ma do dra verstoppt sech eng déck Iwwerraschung!
En häerzegt Billerbuch mat witzegen Opklapp-Wëndelen iwwer de Virwëtz vun enger klenger Maus ... an eng flott Hëllef beim Potti-Training! D’Buch vum Guido van Genechten ass am Original beim belsche Verlag Clavis erauskomm a gouf antëscht an e sëlleche Sproochen uechter d’Welt iwwersat. Déi lëtzebuergesch Versioun ass vum Luc Marteling. En Heedespaass fir Kanner vun ongeféier zwee Joer un.
Däerf ech an deng Lomp luussen?
Guido van Genechten
Kremart Edition
ISBN 978-99959-39-75-5, 28 Säiten, 14,95 Euro

„Am Zoo”
Eng léif kleng Geschicht fir déi ganz KlengEn Textil-Buch mat enger léiwer klenger Geschicht fir eng léif kleng Persoun: Mir fuere mam Bus an den Zoo Déiere kucken! Mat faarwege Biller, einfache Wierder a Säiten, fir unzepaken, well si sinn aus Stoff an eenzelner knisteren och: dat perfekt éischt Buch fir all Puppelchen! A fir all Buggy, well et kann een et ophänken! Et gëtt an enger Këschtche geliwwert.
Eng léif kleng Geschicht: Am Zoo
Lisa Jones an Edward Underwood
Kremart Edition
ISBN 978-99959-39-77-9, 12 Euro

“Fanger-Stempelen: Déieren”
Faarwen + Fangeren = Furri a Fantasie!Dëst Buch stécht voller Iddie fir Fangerofdréck an et ass genuch Plaz do, fir der Fantasie fräie Laf ze loossen. Esou geet et: Huelt den Deckel vun de Kësse mat der Tënt erof, tuppt d’Spëtzt vun engem Fanger an eng Faarf, sicht eng flott Virlag eraus a komplettéiert a verschéinert se!
E Buch mat 64 Säiten a 7 Stempelkëssen, fir mat de Fanger ze molen. International sinn esou Bicher grad ganz “in”, elo gëtt et dann och eent op Lëtzebuergesch.
Fanger-Stempelen: Déieren
Mat 7 Stempelfaarwen
Fiona Watt (Text), Erica Harrison (Biller)
Vivi Kremart
ISBN 978-99959-39-76-2, 64 Säiten, 14 Euro