
Max – Dat ass e Roman vum däitsche Schrëftsteller Markus Orths iwwert d’Liewe vum Kënschtler Max Ernst deen nieft der Konscht eng weider grouss Leidenschaft hat. D’Tiffany Saska erzielt iwwert des aussergewéinlecht Buch.
AUDIO: 10/10/2017 Buch vun der Woch: “Max” vum Markus OrthsEt goufe 6 Fraen am Liewe vum Kënschtler Max Ernst. E Mann deen säi ganzt Liewen op der Sich no der enger Fra ass, an awer nëmmen a senger Konscht glécklech ka ginn. D’Buch Max erzielt Gesicht vum Surrealist Max Ernst deen tëscht 1891 an 1976 gelieft, an domat souwuel di spannend 20 Jore mä awer och zwee Weltkricher materlieft huet.
Säin ganzt Liewen ass hien op der Flucht.Fir d’éischt viru sengem strenge Papp deen och Kënschtler ass, deen awer wéineg mat sengem Jong verbënnt. Méi spéit sinn et dann d’Fraen, di en engersäits als Inspiratioun dringend brauch an awer och net mat hinne liewe kann. Seng éischt Jore verbréngt hien zu Köln ; dono verschléit et hien dann op Paräis wou en sech als Kënschtler entfale kann. Méi spéit ass en nees op der Flucht. Des Kéier flücht en virum Nationalsozialismus sou dat en an Amerika an den Exil geet. Nieft deene ville Frae gëtt een op der anerer Säit beim Liesen och Zeie vu villen interessante Rencontere mat bekannte männleche Personnagë wei dem Pablo Picasso, Hans Arp oder Paul Eluard.
Chronologesch erzielt de Markus Orths dem Kënschtler säi Liewen a 6 Kapitelen, di no de Frae benannt goufen. Fraen di dem Max Ernst säi Liewen duerchaus beaflosst hunn a sécher net di eenzegt ma di wichtegst Fraen a sengem Liewe waren. Den Auteur versicht och si mat ville biographeschen Elementer méiglechst no un der Realitéit duerzestellen a et mierkt een dat net nëmmen de Max Ernst am Virdergrond soll stoen. Seng kënschtleresch Entwécklung steet iwwerdeems am Buch awer éischter un zweeter Plaz.
Nom Liese vum Klappentext war ech nach net iwwerzeegt vum Buch. Spéitstens nom éischte Kapitel war ech awer begeeschtert. Den däitschen Auteur deen duerch Bicher wei “das Zimmermädchen” oder “die Tarnkappe” bekannt goufen an deem seng Wierker a vill Sproochen iwwersat goufen, weist och hei nees säin Talent. Et mierkt ee ganz däitlech dat hien sech am Virfeld ganz intensiv mat der Biografie vum Haaptpersonnage auserneegesat huet an awer och versicht huet d’Liewe vun de Fraen nozevollzéien.
D‘Buch ass angenehm ze liese wann och heiansdo e puer sproochlech Anachronismen ze fanne sinn. 567 Säite liest ee sécher net an e puer Deeg, ma et bleift zu all Moment spannend an authentesch. Bis zum Schluss erkennt een am Text dem Markus Orths seng Passioun fir dëse Kënschtler Max Ernst. Ech kann dëst Buch also recommandéieren; och fir Leit di sech soss manner mat Konscht auserneesetzen.
“Max” vum Markus Orths ass am Carl Hanser Verlag erauskomm.