Buch vun der WochMorgen lieb ich dich für immer

Marie Gales
D’Jennifer L. Armentrout ass bekannt fir hir Romaner, déi sech besonnesch u Jugendlecher a jonk Erwuessener riichten.
© cbt-Verlag

An och wann dës Zort Literatur sech dacks mat Theme beschäftegt wéi ''Wee geet mat weem?’'oder ''Wou leeft haut den Owend déi coolste Party?’', sou ginn an hirem neie Roman ''Morgen lieb ich dich für immer’’ Problemer ugeschwat, déi fir ganz vill Kanner a Jugendlecher hautdesdags zum Alldag gehéieren, an zwar Kannesmësshandlung a Mobbing an der Schoul.

AUDIO: Buch vun der Woch: Morgen lieb ich dich für immerD’Mallory an de Rider wuessen zesummen an enger Fleegefamill op, déi deene berüchtegten Thénardier aus dem Victor Hugo sengem Roman « Les Misérables » an näischt nosteet. D’Ersatzeltere sinn nëmmen op d’Suen aus, déi se fir d’Fleeg vun deenen zwee Kanner kréien, an den
Henry, de Papp, mécht sech eng pervers Freed draus, fir d’Mallory bei all Geleeënheet ze schloen. De Rider probéiert hatt esou gutt et geet ze protégéieren, mä hie kann och näischt dogéint maachen, datt et enges Daags zu engem Incident kënnt, bei deem d’Mallory ganz schlëmm un den Hänn an den Äerm verbrannt gëtt. Doropshi ginn déi zwee deenen Horror-Elteren ewechgeholl an ausernee gerappt. D’Mallory kënnt bei eng nei Fleegefamill, déi hatt mat vill Léift ophëlt an erzitt, mä verléiert de Rider awer aus den Aen. Wéi den Zoufall et awer wëll, ass säin neie Papp
Schéinheetschirurg an hien operéiert dem Mallory seng Brandverletzungen esou gutt, dass aus him e wonnerschéint Meedche gëtt. Et geléngt him awer net, eppes ze corrigéieren, wourënner d’Mallory zanter hirer Zäit bei där éischter Famill leid : Hatt kann zwar schwätzen, mä et seet kee Wuert ! Lues a lues stellt sech eraus, datt et sech dobäi ëm eng posttraumatesch Stéierung handelt, déi dohier kënnt, datt hatt sech jorelaang net huet däerfe mucksen a kee Wuert huet däerfe soen, well et soss nach méi geschloe gi wär.

E puer Joer méi spéit op der High School erlieft d’Mallory eng fatzeg Iwwerraschung : hatt ass nämlech an der selwechter Klass wéi de Rider ! Deen ass zwar mëttlerweil mat deem blonde Paige zesummen, mä protegéiert awer weiderhin d’Mallory. An dat ass och batter néideg, well hatt
ass de Stoussnéckel fir déi aner Kanner an der Klass, déi net verstinn, firwat hatt entweder kee Wuert seet oder nëmme ganz knapps äntwert.
An iwwerdeems d’Mallory duerch déi nei erwächte Frëndschaft an duerch sengem Professer, dem Här Santos, seng Hëllefsbereetschaft ëmmer méi u Confiance gewënnt, rutscht de Rider duerch falsch Frënn a louche Bekanntschaften op eng geféierlech Bunn…

Sou wéi et High School-Filmer a Serië gëtt, sou gëtt et och High-School Romaner. Dës Zort Jugendliteratur beschäftegt sech gemenkerhand mat den Häerz-Schmäerz-Problemer vun amerikaneschen Teenien a schéngt domat fir Jonker op der ganzer Welt intressant ze sinn. Am Fall vu « Morgen lieb ich dich für immer » ass dat awer e bëssen anescht, well d’Jennifer L. Armentrout (lies : Armentraut !) eeschthaft Problemer wéi Kannesmësshandlung a Mobbing an der Schoul uschwätzt an dat mat vill Humor a Versteesdemech fir d’Nout vu Jugendlecher, déi mat esou Problemer ze kämpfen hunn. An och wann si keng Wonnerléisung parat huet, sou léisst sech dach aus ''Morgen lieb ich dich für
immer’’ e Fazit zéien : Et soll een sech seng Zukunft net doduerch verbauen, datt een sech permanent un déi negativ Aspekter vun der Vergaangenheet erënnert. Dat ze erkennen ass deen éischte Schrëtt an en erfëlltent Liewen !

''Morgen lieb ich dich für immer’’ ass als Täschebuch op Däitsch am cbt-Verlag erauskomm.

Back to Top
CIM LOGO