NEI UM BICHERMAART: Die geheimen Gärten Luxemburgs

RTL Lëtzebuerg
E Rouse-Stack, en Äppelbam an e puer selwer geplanzten Zaloten... Nee d’Gäert zu Lëtzebuerg hu wesentlech méi ze bidden, wéi munchereen unhuele géif.

D’Diversitéit an d’Villsäitegkeet op déi d’Françoise Maas an d’Marianne Majerus gestouss sinn, huet béid Frae gläichermoossen iwwerrascht. Am Wierk komme schlussendlech 37 Gäert zesummen. Beim Choix ass probéiert ginn, deem breed-gefächerte Kaleidoskop vun der lëtzebuergescher Gaardelandschaft Rechnung ze droen.

Déi porträtéiert Gäert sinn esou verschidde wéi nëmme méiglech a jiddereen zielt seng eege Geschicht. Si wëssen duerch hir Eenzegaartegkeet an hir Individualitéit ze begeeschteren a spigelen d’Kreativitéit vun de Besëtzer zréck.

D’Spill mat de Faarwen an der Luucht maachen d’Biller zu klenge Meeschterwierker an loossen déi besonnesch Atmosphär vun de Gäert lieweg ginn. Wéi eng Begleetmusek zu dësem Spazéiergang duerch déi geheim Gäert vu Lëtzebuerg wierken déi poetesch Texter vum Françoise Maas.

Françoise Maas & Marianne Majerus
Françoise Maas & Marianne Majerus

D’Marianne Majerus ass zu Lëtzebuerg gebuer, huet hir Étuden an englescher Literatur, Wirtschaft a Fotografie awer a Groussbritannië gemaach. 1995 huet si sech mat der Portät-Serie „Face Outside“ och un der Kulturhaaptstad Lëtzebuerg bedeelegt.
Mëttlerweil huet d’Marianne sech an Europa an den USA an a Japan en Numm mat hirer Gaarden- a Planze-Fotografie gemaach. 2002 gouf d’Fotografin mam renomméierte Präis „Garden Media Guild Photographer of the Year“ ausgezeechent. 2010 war si esouguer „International Garden Photographer of the Year“. Hir Wierker kann een an der Londoner „National Portrait Gallery“ an am CNA kucken.

D’Françoise Maas huet Geschicht a Literatur zu Lëtzebuerg, Paräis an Heidelberg studéiert. Ugangs der 1970er huet si hir Passioun fir Tapisserie entdeckt a Couren a verschiddenen Atelieren zu Lëtzebuerg an zu Bréissel besicht. Hir Leidenschaft fir schéi Gäert huet si entdeckt, wéi si en ale Paschtoueschgaart nei gestalt an nees zréck an d’Liewe geruff huet.

...........................

Marianne Majerus & Françoise Maas
Die geheimen Gärten Luxemburgs
252 Säiten
ISBN: 978-2-87954-239-3

Back to Top
CIM LOGO