
De Marc Wilwert huet “Momentaufnahmen” selwer drécke geloss, selwer editéiert an och d’Mise en page selwer gemaach - alles “ganz fräi”, wéi e selwer seet.
Méiglech gemaach huet dat “print on demand”. De Marc Wilwert: “Mëttlerweil ass dat jo och kee ‘Schimpfwuert’ méi fir mannerwäerteg Literatur oder Bicher.” Éischter de Contraire wier de Fall: “Eng immens kreativ Zeen, déi keng Kompromësser ageet , fänkt un, do immens interessant Bicher ze maachen.”
Gäre schwätzt de Marc iwwert seng Experience an dësem Domaine. Mä opgepasst: “Suchtgefoer”, esou seng Warnung ...
An direkt nach eng Warnung: “Gedanken zur Fotografie” ass den Ënnertitel vum Buch an an deem ginn et Spréch a kleng Zeechnungen, awer keng Fotoen, wéi een et hätt kënne beim Titel an Auteur erwaarden ...
75 Mol huet de Marc Wilwert “Momentaufnahmen” drécke gelooss. Ze kréien an de Libo-Librairien an an der Librairie Alinea an der Stad.
Online ass d’Buch och ze kafen - dann als echten “print on demand”. Fir 7,20 Euro (Link riets uewen).