
Et ass eppes lass an der Lëtzebuerger Literaturzeen! Nieft den etabléierten Auteuren sinn et och ëmmer nees jonk Leit déi op sech opmierksam maachen. Dat zum Beispill am Kader vum Prix Laurence dee jo fir Jonker bis 26 Joer op ass, oder an der Jugendkategorie vum Concours littéraire national. Ëmmer méi fënnt een awer och nei Stëmmen op diversen Internet-Plattformen. D’Bea Kneip huet sech mat der Equipe vun der neier Facebook-Säit „New Literary Voices“ ënnerhalen.
AUDIO: New Literary VoicesD’New Literary Voices kënnt Dir op Facebook fannen a suivéieren. Hir Homepage ass nach an der Maach, do kënnt der se an Zukunft op www.newliteraryvoices.net besiche goen.
