Buch vun der Woch"Perlenfrauen" vum Katie Agnew

RTL Lëtzebuerg
Am Buch vun der Woch geet et dës Kéier ëm eng Pärel Ketten, déi onglécklecherweis verluer gaangen ass.

Traditionell englesch Klasseverhältnisser, zweete Weltkrich, d’Nokrichszäit a Japan, d’Partyzeen zu London, eng legendär Filmcarrière zu Hollywood a 5 komplett verschidde Fraen, déi op verschiddene Plazen op Welt an zu verschiddenen Zäiten liewen.

Dorëms geet et, ënnert anerem, an eisem Buch vun der Woch „Perlenfrauen“ vum Katie Agnew. Doriwwer wéi all déi Themen an déi verschidde Fraen aus verschidden Zäiten zesumme fannen, huet d’Katarina Ivesic nogelies.

“Perlenfrauen” Katie Agnew / Katarina Ivesic

Wéi de Numm vum Buch et scho seet, sinn et Pärelen, déi all d’Charakteren aus deene verschidden Zäiten a Plaze matenee verbannen.

1947 krut eng spéider legendär Schauspillerin, d’Lady Matilda Beaumont, fir säin 18. Gebuertsdag vu sengem Papp eng Pärel Kette geschenkt. Nom Doud vu sengem Papp bedeit d’Ketten him alles an et hält se an allen Éieren: et deet se fir seng Hochzäit a spéider hin souguer fir d’Oskaren un.

Duerch d’Ketten bleift dem Matilda säi Papp nämlech Deel vu sengem Liewen, och wann hie net méi do ass. Deemno ginn d‘Pärelen fir hat e Symbol vun der Léift zu sengem Papp. Mee net nëmmen dat. Well de Papp se an der Virkrischszäit kaaft huet, wou d’Famill Beaumont nach, duerch Kolonisatioun, extrem räich war, ass se och e Symbol vun enger aler englescher Zäit wou d’Welt ganz anescht fonctionnéiert huet.

Esou kéint een d’Pärelen duerchaus als Fossil vun enger aler Traditioun betruechten, dat d’Beaumont Frae mat hiren Origine verbënnt, och wann déi scho laang a Vergiessenheet gerode sinn an d’Welt mëttlerweil anescht tickt. Esou gesinn, ass d’Ketten och en Deel Identitéit – eppes wat d’Fraen drun erënnert wie se sinn.

D’Matilda wëll dofir, dass d’Ketten an der Famill bleift – et schenkt se dowéinst sengem Meedchen fir dem säin 18. Gebuertsdag. Wou d’Geschicht ugeet, sinn awer scho nees 30 Joer vergaangen an d’Kette sollt scho laang am Besetz vum Matilda senger Enkelin, dem Sophia, sinn. Woufir d’Kette steet, nämlech d’Léift zu engem Elterendeel an Identitéit, ass dem Matilda senger Enkelin, dem Sophia ganz friem. Hat kritt weder säi Liewen op d’Rei nach gëtt et mat sengen Elteren eens.
D’Bom fënnt awer, dass d’Sophia d’Kette soll kréien, mä do gëtt et just e bedeitende Problem: d’Ketten ass zanter den 80er Joren spurlos verschwonnen.

Esou fänkt d’Sich no der Ketten dann un, ma well d’Matilda awer Mo Kriibs huet an d’Kette viru sengem Doud onbedéngt nach eng Kéier wëll gesinn, gëtt d’Sich e Wettlaf géint d’Zäit.
Ma d’Sich gëtt och d’Sich no enger Identitéit, déi d’Sophia säi ganzt Liewe laang verzweiwelt gesicht huet. Hat ass duerch d’Sich nämlech gezwongen sech mat senger Vergaangenheet a Famill ze konfrontéieren.

Mä d’Ketten bedeit net nëmmen de Beaumont Fraen eppes. Et gëtt ee sech séier bewosst, dass d’Buch vum Katie Agnew eigentlech d’Geschicht vun der Kette selwer erzielt, a net nëmmen déi vun de Beaumont Fraen.

D’Buch erzielt deemno simultan nach eng sëllech aner Geschichten. An dat sinn d’Geschichte vun all de Leit, déi eng Kéier eppes mat de Pärelen ze dinn haten. Dat ass, zum engen, d’Geschicht vun engem Film-createur an dem senger Fra, an zum aneren ass dat d’Geschicht vum Aiko Watanbe, dem seng Mam virum zweete Weltkrich eng sougenannten Perlentaucherin a Japan war.
Fir jiddereen bedeiten d’Pärelen deemno eppes anescht. Wat fir deen een e Symbol vun enger anerer Zäit a Léift bedeit, ass fir deen aneren d’Méiglechkeet engem miserabelen Liewen am Nokrichsjapan ze entwëschen.

Doduerch dass dem Matilda seng Enkelin d’Sich no der verluerener Kette lancéiert, fannen d’Liewe vun de verschiddene Charakteren op eng ganz spannend Aart a Weis zesummen.

Ob d’Ketten hire Wee nees bei hir rechtméisseg Besëtzerin fënnt, bleift bis zu de leschte Säite vum Buch oppen. Et ass op jiddefalls e spannende Roman, deen ee net kann op d’Säit leen, soubal ee bis ugefaangen huet mat liesen. Mat ganz vill Geschéck, bréngt d’Katie Agnew d’Geschichte vun deene verschiddene Fraen zesummen, andeems se weist duerch wéi vill Hänn d’Pärele gaange sinn a wat se de verschiddene Frae jeeweils bedeit hunn.

Back to Top
CIM LOGO