Nei um BichermaartPickinicki

RTL Lëtzebuerg
Vum Sonja Lux-Bintner, mat Illustratioune vum Snejana Granatkina.

De Pickinicki steet viru sengem Blummendëppen, kuckt hin an hier a spréngt mat engem Saz erof an de Gaart. Hien huet sech a säi pickege Kapp gesat, d’Rabonzel ze fannen. Ma de Wee an de Bësch ass méi komplizéiert, wéi hie geduecht hat …
Wéi et him op senger Rees ergeet, gitt dir an dësem Buch gewuer.

D’Sonja Lux-Bintner, gebuer 1972, huet am medezinesche Beräich geschafft, schreift elo Bicher a wunnt mat Famill, Mupp, Schildkröt a Kanéngche beim Stauséi.

Auteur vun „Äppeltäsch“, „Schwaarze Schockela“, „De Pierche muss wuessen“, der CD „Melusina, der Uelzecht hiert Kand“.

PICKINICKI
Sonja Lux-Bintner
Illustratioune vum Snejana Granatkina

28 Seiten - 22 x 27,5 cm - Sprooch: Lëtzebuergesch - ISBN : 978-99959-36-50-1

16,00€

Back to Top
CIM LOGO