RADIO: Alex van Galen - Die Teufelssonate

RTL Lëtzebuerg
Die Teufelssonate

Et geet em de Mikhael Notovich e berühmten hollännesche Pianist – an dem seng Spezialitéit: d’ Wierker vum Franz Liszt.

De Notovich ass wëll, exzentresch a besiess vu senger Musek, hien ass awer och possessiv a leidenschaftlech vis-à-vis vu Fraen, besonnesch vu senger Frëndin Senna.

Während engem grousse Concert a Frankräich gëtt de Pianist, um Héichpunkt vu senger Konscht, ower um Enn mat de Nerven a Blutt-verschmiert wéinst Mordverdacht festgeholl: d’ Affer soll seng Frëndin sinn, déi wéi vum Erdbuedem verschwonne schéngt. De Notovich ka sech u näischt méi erënneren – e grousst schwaarzt Lach deet sech op - wéi ëmmer wann hie sengen Improvisatiounen ronderëm de Liszt fräie Laf gelooss huet . De Pianist gëtt Deeg laang vun de franséischen Autoritéite verhéiert a vun Neuropsychologen ënnersicht. Aus Mangel u Beweisen kënnt hien awer fräi a flücht, betreit vu senger Schwëster Linda, an seng hollännesch Heemecht, an der Hoffnung, e bëssen zur Rou ze kommen.

Mee, wéi aus dem Näischt, daucht dee geheimnisvolle Pianovirtuos Valdin op. De Valdin mat senger eegener Obsessioun fir de Liszt fuerdert de Notovich zu engem Piano-Duell. De Notovich wëllt Näischt dovunner wëssen, ma den Erausfuerderer Valdin behaapt, de Notovich vu fréier hier ze kennen an e behaapt och ze wëssen, wat während dem Notovich sengem Black-Out mat dem Senna geschitt ass. Schlussendlech léisst den Notovich, den nach ëmmer op der Sich no der Wourecht an senger verluerener Léift ass, sech op e leidenschaftlecht, obsessivt a geféierlecht Spill an.

Schon de Cover vun dësem Roman ass villverspriechend an huet mech virwëtzeg gemaach: eng verféieresch schéi Fra, (ass se doud... schléift se), läit op engem Piano .

Ech duecht, mol eng Kéier eppes Neis, e Buch iwwert t’Muecht vun der Musek an ëm e Kënschtler, dee vläit seng Séil un der Däiwel verkaf huet?

Vun e puer klenge Längten ofgesi, liest dat sech - mat vläicht am Hannergrond dem „ Liebestraum“.... ganz gutt.

Virun allem d Fraepersonnage ronderëm de Notovich si flott beschriwwen: d Senna, dat mysteriéist Vivien, wat dem Senna beängschtegend gläicht, an d’Pianosschülerin Natacha - déi 3 Frae spillen eng wichteg Roll am mouvementéierte Liewe vum Pianist . Dat heescht also, datt net nëmmen t’Frënn vun der klassescher Musek vu Chopin, Rachmaninov a Liszt dëse spannenden Thriller mat furiosem Schluss genéisse kënnen.

Back to Top
CIM LOGO