
Virop direkt eppes - de Krimi op Lëtzebuergesch liest sech ganz gutt. D’Sprooch vum Jhemp Hoscheit ass einfach a riicht eraus. Kuerz Sätz, kloer Beschreiwungen, direkt Dialogen. Mat Momenter mengt een esouguer de Kannerauteur Hoscheit géing duerchschéngen.
Ee vun den Haaptpersonnagen ass dann och e Kand: d’Marie - eng Schülerin am sechste Schouljoer. E joviaalt, léift Meedchen, dat Frëndschaft schléisst mat engem eeleren Här, dee ganz eleng mat senge ville Planzen an engem Haus an der Rue des Fleurs zu Landeng wunnt. D’Marie hëlleft dem Här Grimler seng Planzen ze versuergen, dat seet et doheem awer net, well seng Elteren dat net gutt fannen. Besonnesch faszinéiert ass et vum Wësse vum Här Grimler. Dee pensionéierte Mann huet laang Joeren an engem Planzen a Blummebuttek geschafft huet an sech doheem ëm seng Eltere gekëmmert. An all där Zäit huet hie sech e Risewëssen iwwer Planzen ugëeegent. Hien huet villes gesammelt aus ale Bicher vu grousse Botaniker an e moosst mat engem komplizéierten Apparat ëmmer nees d’Temperatur vun de Planzen, well en iwwerzeegt ass, datt si Emotiounen empfannen an och Emotioune mat anere Liewewiesen deelen. Seng Lieblingsplanz ass eng “Monstera deliciosa variegata” - op Lëtzebuergesch “Fënsterblat”. De Ferdi Grimler nennt se mat vill Léift Mondelia.
Net nëmme fir d’Marie ass d’Haus vum Här Grimler intressant, mä och fir e puer Spëtzbouwen, déi iwwerzeegt sinn do Schätz ze fanne bei engem Abroch an domadder dat grousst Geld ze maachen. Mee si fannen näischt, stelle just fest datt d’Marie d’Duechter vum Gérant vun der Bank aus der Noperschaft ass. A schonn ass den nächste Plang am Kapp vun de Brigangen a gëtt Realitéit. Si entféieren d’Marie a froe Léisegeld. D’Eltere vum Marie an d’Police siche verzweiwelt nom Meedchen a verdächtegen um Enn och den Här Grimler.
Just d’Mondelia – d’Planz schéngt méi ze wëssen a kennt d’Gangster. Ëmmerhinn hat se se observéiert wéi se an d’Haus agebrach waren.
Mee do kommen natierlech elo eng Partie Froen. Kann eng Planz wierklech Informatioune weiderginn? Ka se hëllefen e Fall opklären?
Op déi Froe musst Der scho selwer eng Äntwert fannen an d’Buch liesen...
Ech leeën iech et och gär als Buch vun der Woch un d’Häerz: 1. well d’Geschicht vun enger Planz als Detektiv jo méi wéi originell ass an 2. well d’Lëtzebuerger Sprooch an hirer Einfachheet hei richteg gutt ze liesen ass.
Dat kënnt jo Loscht maachen, emol nach méi Lëtzebuerger Bicher ze liesen.