RADIO: Jo Nesbo: Leopard

RTL Lëtzebuerg

Hie war bal Profi-Fussballspiller ginn- huet och vill Succès als Museker, mä esou richteg bekannt gouf en elo als Schrëftsteller. De Norweger Jo Nesbo schreift den Ament ee Bestseller nom aneren. Seng Krimie stëllen dann och e ganz onkonventionelle Kommissar an de Mëttelpunkt: Den Harry Hole léist spektakulär Fäll an Norwegen awer och am Ausland. Dat fuerdert awer vill Energie an den Harry Hole plot sech privat ëmmer nees mat senger Alkoholsucht. „Leopard“ ass den 8. Fall fir den Harry Hole.

Den Harry Hole, de bekannten Ermëttler vun Oslo, huet sech zréckgezunn. Säi leschte Fall hat e geléist, den Seriemäerder, deen se “Schnéimann” genannt hunn, setzt am Prisong. Mee den Harry ass esou um Enn, dass en nach just sou wäit wéi méiglech vu sengem ale Liewe fort wollt. Hie vegetéiert zu Hongkong, léisst sech total am Alkohol an am Opium ënnergoen.Da geschéien erëm eng Rei Morden a Norwegen. D’Police brauch dem Harry seng Hëllef, a si schécken d’Kaja op Hongkong, fir hien erëmzebréngen. Den Harry ass iwwerhaapt net motivéiert, geet am Fong just mat, well d’Kaja him zielt, dass säi Papp gesondheetlech ganz schlecht ass.

Nees doheem, probéiert den Harry dann op seng Manéier d’Zesummenhäng ze gesinn, erauszefannen, wat dann elo di eenzel Affer matenee verbënnt an aus wat fir enger Ursaach si op iergendengem senger Lëscht stinn a stierwe mussen. “Flügelkämpfe” tëschent deenen eenzelne Policecorpsën, Intrigen a Muechthonger maachen him seng Aufgab och net méi liicht.

Nach weider Läichen dauchen op, op grausam Manéier gefoltert an higeriicht. Si vervollstännegen d’Bild, bis den Harry an d’Kaja dann endlech erkennen, wat all di Affer gemeinsam hunn. Awer erëm feelen hinnen d’Beweiser, munches passt net, weist an eng aner Richtung, setzt en anere méiglechen Täter an de Mëttelpunkt.

Eng Onmass Pisten, ural Geschichten, bréngen ëmmer nees nei Aspekter, weisen hinnen, wou se musse weider sichen a wou se sech geiert haten. An enger dramatescher Schlusssequenz ginn dann nach di lescht Detailer kloergestallt, a mir verstinn, firwat alles esou gelaf ass a net anescht.

“Leopard” sinn 700 extrem spannend Säite mat engem kloere roude Fuedem a villen interessante Geschichte riets a lénks. De Lieser zitt mat den Ermëttler falsch Konklusiounen an ass dann nees forcéiert, hannerzech ze goen an en neien Ulaf ze huelen.

An dann den Harry!! Hien ass nu wierklech keen “Virbild-Polizist”, efficace awer ganz onorthodox a senger Aarbecht an total um Enn a sengem Privatliewen. Di Saach mat de Frae kritt en iwwerhaapt net gebak! Hie steet sech selwer an de Féiss, deet sech an deenen, déi sech un hien erun woen, wéi, a seng Alkoholexzesser droen och net derzou bäi, dass hie sech besser fillt.

D’Buch huet mir richteg gutt gefall. Ech war gepaakt vun der intelligent konstruéierter Story an den Haaptpersonnagen, di ech schon zum Deel aus dem Buch virdru kannt hunn. Mee och hei am “Leopard” kënnt een als Lieser direkt an d’Handlung eran, gëtt schon op deenen éischte Säiten net geschount mat der Beschreiwung vun engem exquisiten, déidlechen Objet. Wësst Dir, wat en “Leopolds-Apel” ass?? Wann Dir Iech un di 700 Säite wot, da gitt der et gewuer!

Ech kann Iech et wierklech nëmme recommandéieren. D’Liesen, mengen ech!

De Radio-Reportage iwwert dëst Buch.

Back to Top
CIM LOGO