
„Ladythriller“ dat heescht Krimie vu Frae sinn net nëmme gär gelies, mä hunn och hir Präisser. An Amerika ass dat de RITA Award an deen ass 2005 un d’Karen Rose gaangen. Zënter hir huet déi 47 Joer al Schrëftstellerin 11 Bicher erausbruecht. All hir Wierker sinn iergendwéi matenee verknäppt. Sief et datt ee Buch d’Suite vun deem aneren ass, sief et datt eenzel Personnagen an diverse Bicher optauchen. „I can see you“ war dat 10 Buch an der Rei, datt elo an der däitscher Iwwersetzung als “Todesstoss” publizéiert gouf. Zu Minneapolis gi Frae fonnt, déi sech erhaangen hunn. Op d’mannst gesäit et op den éischte Bléck esou aus! Mee bei all weider Affer gëtt et dann awer méi kloer, dass di Fraen sech net selwer konnten ëmbruecht hunn: d’Police fënnt ëmmer déi selwecht Szenerie, d’Fraen si gewollt provokant ugedoen, High Heels leien an enger präziser Positioun um Buedem, an dat Makabert drun: de Frae goufen d’Ae mat Pech esou preparéiert, dass si se net méi zoumaache konnten.
Et hat also een sech vill Méi gemaach, d’Police mat raffinéierten Indicen drop opmierksam ze maachen, dass di Selbstmorden inszenéiert sinn. Mee firwat? Wat hunn di Frae mateneen ze dinn? Wou ass d’Verbindung, d’Erklärung firwat grad si hu misse stierwen?
D’Mordkommissioun vun der Police zu Minneapolis sicht no dem perfiden Täter. Ee vun hiren Agenten, dee sech mat Asaz an de Fall knéit, ass den Noah Webster. Hien kritt Hëllef vum Eve Wilson. Dës jonk Fra schafft fir hiert Psychologie Studium un enger Internet-Etude. An hirer Studie geet et drëm, Leit an enger virtueller Phantasie-Welt duerch Rollespiller üben ze loosse fir sozial Kontakter opzebauen an hiert Selbstwertgefill ze stäerken. D’Eve kontrolléiert a begleet déi Probanten, déi vill Zäit an där Phantasiewelt verbréngen. Hier Beobachtunge konzentréieren sech haaptsächlech op d’Entwécklung vu 6 Fraen.
An d’schéngen déi 6 Fraen ze sinn, déi och de Mäerder interesséieren. Eng no der aner gëtt fonnt, erhaang an no dem selwechte Muster preparéiert. D’Police leeft ëmmer nëmmen hannendrun. Och wann d’Eve hinne mat der Zäit kann Hiweiser gi wien dat nächst Affer kéint sinn, bréngen se et net fäerdeg, e Mord ze verhënneren.
Bis bal zum Schluss ass et net kloer, aus wat fir engem Eck di mysteriéis an extrem grausam Attacken op d’Frae kommen. Kloer ass awer, dass de Mäerder no genuch komme konnt, fir seng potentiell Affer genee kennenzeléiren: éier se stierwen, foltert hien se mat där Saach, déi hinnen individuell di gréisst Angscht mécht! (Room 101 léisst gréissen!!)
A fir Noah &co nach méi un d’Schweessen ze kréien, sinn nach aner gestéiert Leit ënnerwee. Fanatiker, di nach al Konte mat der Police kläre wëllen, suerge fir zousätzlech Gefor an Duercherneen...
D’Karen Rose weist eis hei en intelligenten, gutt strukturéierte Mäerder, den seng Dote bis an d’lescht geplangt huet. Hien leet gekonnt falsch Pisten a bréngt et bis bal zum Schluss fäerdeg, dës duerchzezéien an den Ermëttler ëmmer e puer Schrëtt viraus ze sinn. Op där aner Säit ass den Täter awer genau esou gestéiert. En sadistesche Soziopath, e Kontrollfreak, dee sech opgäilt u senger Muecht an un der Angscht an de Quale vu deenen Aneren. Fraen si fir hie wertlos Objeten, an hien huet der eng Onmass gebraucht an ouni iergendeen Skrupel liquidéiert.
Wat d’Story also ugeet, hunn ech dëst Buch spannend fonnt. Et huet sech gutt gelies an et war net schwéier, dem roude Fuedem nozegoen an di eenzel Puzzlestécker zesummenzesetzen.
Wat mech awer zäitweis gestéiert huet, ass den “zwëschemënschlechen Aspekt”, d.h. d’Relatioun tëschent Eve an Noah. Si sinn allen 2 mat engem extrem heftege Passé belaascht, fillen sech eleng a sinn - awer ouni et anzegestoen- op der Sich no enger “Seelenverwandschaft”. Si dänzelen een ëm deen aneren, maachen 1 Schrëtt no vir an 3 zréck, stinn sech selwer an de Féiss a sinn onendlech komplizéiert. Bei der Beschreiwung vun hirem Hin an Hir léisst d’Karen Rose dann och kee Klischee aus, wat mech zimlech generft huet, besonnesch wou et vun Ufank un dem Leschte kloer ass, wéi d’Saach wäert ausgoen.
Mee à part ça ass “Todesstoss” e Buch wat sech flott liest. Et ass een direkt dran an et ass net ustrengend, mat den Haaptpersonnagen duerch de Plot virunzekommen. Also gutt 600 Säite fir eng relax Summervakanz!