RADIO: Karin Slaughter: Broken

RTL Lëtzebuerg

2002 koum den éischte Roman vun der amerikanescher Schrëftstellerin Karin Slaughter „Blindsighted“ eraus. Hir Geschichte spillen an zwou Serien: „d’Grant County Series“ ronderëm d’Geriichtsmedezinerin Sara Linton an hire Mann, den Polizeichef Jeffrey Tolliver an „d’Atlanta Series“ ronderëm de Polizist Will Trent. All dës Personnagen treffen an 3 Fäll dann och openeen- dat sinn d’Romaner aus der Georgia-Serie. An do ass 2010 de Roman „Broken“ erauskomm.

D’Karin Slaughter hëlt eis hei mat an eng Kléngstad am Georgia.

Do gëtt d’Läich vun engem jonke Meedchen aus dem Séi gefëscht. Ganz séier hëlt di lokal Police dee presuméierte Mäerder fest. Et ass den Tommy, liicht behënnert an e gudde Bekannte vum Affer. Den Tommy behëlt sech och esou, dass am Ufank kaum Zweiwel u senger Schold opkommen.

Haaptresponsabel bei der Police, déi sech ëm de Fall këmmeren, sinn d’Lena an de Frank. D’Lena ass eng ganz engagéiert Ermëttlerin, déi awer d’Verantwortung an hirem Beruff ëmmer manner packt, an där a kritesche Situatioune méi oder manner grave Fehler ënnerlafen. D’Zesummenaarbecht mam Frank ass och kee Cadeau. Hie steet kuerz vrun der Pensioun, huet zwar eng immens Erfahrung a kennt seng Leit, ass awer total desillusiounéiert an huet e massiven Alkoholproblem.

Wéi den Tommy, den Haaptverdächtege, sech an der Zell ëmbréngt, an d’Handlunge vu Lena a Frank ëmmer méi onduerchsiichteg ginn, gëtt en Ermëttler vu baussen zougeschalt. T’Geriichtsmedezinerin Sara, déi en plus dem verstuerwene Polizeichef seng Fra ass, freet de Will ëm eng Enquête. D’Sara huet massiv Zweiwel um Lena senger Kompetenz a senger Éierlechkeet.

De Will soll also lo probéieren, d’Ermëttlunge weiderzedreiwen an dat ganzt Geflecht vun Hallefwourechten, ale Rechnungen, Korruptioun a Solidaritéit am Policeteam auserneenzeplécken.

Dunn geschitt en 2te Mord nom selwechte Muster. Während den Ermëttlunge verschwanne Beweiser, déi lokal Enquêteure widderspriechen sech a verstrécken sech a Ligen. De Will sammelt Fakten, ënnerstëtzt vum Lena. Dernieft kritt hien och Hëllef vum Sara, wat e ganz anere Bléckwénkel huet a mat enger ganz anerer Motivatioun un d’Opklärung eru geet. Et dauchen dubios Pëllen op, an d’Recherchë ginn an eng nei Richtung...

Déi 400 Säite liesen sech fléissend, t’Geschicht ass deelweis ganz spannend, an de Plot hëlt e puer originell Revirementer. Eenzel Personnagen hu mir gutt gefall, wéi z.Bsp d’Lena, dat mer vun zwou ganz verschiddene Säite gewise kréien, nach laang net ëmmer perfekt, vu munche Situatiounen iwwerfuerdert- wéi mir alleguer heiansdo. Hat mécht säi Bescht, mä heiansdo geet dat nun eben net duer!

Och d’Figur vum Will fannen ech flott: en engagéierten, intelligenten an efficace Polizist, dee bei all Geleeënheet mat senger Dislexie konfrontéiert ass an oft an d’Schweesse kënnt fir seng Onfähegkeet ze verstoppen. Charakteren, déi e mol bësschen anescht sinn an iwwer eenzel Längten an der Story ewech hëllefen.

Back to Top
CIM LOGO