RADIO: Kathy Reichs - Virals

RTL Lëtzebuerg

Zënter Joere mécht d’Kathy Reichs mat hirer forensescher Anthropologin Tempe Brennan der Kinnigin vum Genre, dem Patricia Cornwell, Konkurrenz. Wann et drëm geet, al, vermuuschte Schanken z’analyséieren an doraus déi néideg Schlëss ze zéien fir de Mäerder ze fannen, mécht keen dem « Bones », wéi d’Heldin an hirer eegener Fernsehserie genannt gëtt, eppes vir. Elo huet d’Kathy Reichs « Virals-Tote können nicht mehr reden », hiert éischt Jugendbuch geschriwwen. Wee wéi ech an de 60er, 70er Joer grouss ginn ass, koum als jonke Borscht net laanscht dem Enid Blyton hir Bicher. Et hat een ënner anerem de Choix tëscht den Abenteuer vun de « 5 Freunde », deene vun der « Schwarze 7 » oder och nach der Serie vun de « Geheimnisser ». Mir perséinlech hunn d’Geheimnisser ëmmer am Beschte gefall, mat de Spürnasen an hirem clevere Chef Dickie, déi dem décke Flic Wegda ëmmer op der Nues erëm gedanzt sinn. Zesummen hu se sou spannend Fäll geléist wéi déi ronderëm eng Taass Téi, eng gëfteg Fieder oder och nach en Haus am Bësch. Do goung et da meeschtens ëm gestuele Biller, ëm Geldfälscher oder och nach am schlëmmste Fall ëm den Iwwerfall op eng Bank. Doudeger koumen net dra vir an et gouf ëmmer en Happy End. Dat nennt een haut wahrscheinlech déi gutt al Zäit !

Abee, och bei de Jugendbicher, a besonnesch beim neie Roman vum Kathy Reichs ass déi Zäit definitiv eriwwer ! Hei gruewen déi jonk Detektiven eng Läich aus, stiechen sech mat Viren un a mutéiere quasi zu Wëllef. « Virals-Tote können nicht mehr reden » heescht dat éischt Buch aus dëser neier Rei an et handelt sech dobäi ëm e Spin-Off, also eng Ënnerserie, vun den erfollegräichen Abenteuer ronderëm d’Tempe Brennan.

Wéi beim Enid Blyton fënnt een och hei eng flott Clique : dat 14jähregt Tory Brennan, d’Nièce vum Tempe, an hir Frënn Ben, Shelton an Hi. Op enger Insel viru Charleston fannen si d’Schanke vun enger weiblecher Läich. Séier hu si erausfonnt, datt et sech dobäi ëm d’Skelett vum Katherine Heaton handelt, enger Fuerscherin, déi viru Joere verschwonn ass. An och e klenge Mupp, e Wollefshond, taucht op an der Geschicht. Mä am Géigesaz zu de Romaner vun eiser Jugend, hëlleft deen hinnen net bei hirer Enquête, mee gouf an engem Labratuar mam Parvovirus infizéiert, enger fir Hënn a Wëllef déidlech Krankheet. Op eemol stellen déi Jugendlech fest, datt hir Sënner sech enorm verschäerft hunn. Se gesinn, richen an héiere vill besser wéi virdrun a komme schliesslech zur Conclusioun, datt hir Sënnesorganer grad esou empfindlech si wéi déi vun engem Wollef. An et ass hinnen och kloer, datt déi zwee Fäll eppes mateneen ze dinn hunn an datt dee mystériéise Labratuar dobäi eng wichteg Roll spillt…

Dat neit Jugendbuch vum Kathy Reichs liest sech flott, och well et an enger Sprooch geschriwwe gouf, déi op Jonker zougeschnidden ass. Et gi witzeg, mä och nodenklech Momenter, et kritt een e gudden Abléck an d’Gefillswelt vun Teenien an dat fantastescht Element, wat ënner anerem duerch d’Vampirfilmer bei de Jonken sou e Succès huet, ass och präsent. Wat een dem Buch ka reprochéieren ass, datt d’Trame immens prévisibel ass an datt dat Ganzt op en Héichpunkt zousteiert, deen ee scho laang huet gesi kommen. Mä dat sollt een net empêchéieren, mat Spannung op dem Tory Brennan säin 2. Abenteuer ze waarden !

« Virals- Tote können nicht mehr reden » ass op Däitsch beim cbj-Verlag erauskomm.

Back to Top
CIM LOGO