RADIO: Richard Price - Clockers

RTL Lëtzebuerg

Drogendealer, di Dag a Nuecht fir hir Clientèle do sinn, also zu all Moment illegal Substanze verkafen nennt een an Amerika „Clockers“. 1992 hat den New Yorker Auteur Richard Price säi Roman „Clockers“ erausbruecht, deen de Realisateur Spike Lee 1995 och verfilmt hat, an zwar e.a. mat den Acteuren Harvey Keitel an John Turturro. Et geet an der Haaptsaach ëm de jonke Clocker „Spike“, dee vum Detective Rocco Klein verdächtegt gëtt, en aneren Dealer ëmbruecht ze hunn. Sou kéint een en 800-Säiten déckt Meeschterwierk an engem Saz resuméieren.....

De Roosevelt-Quartier zu Dempsy -eng fiktiv Plaz- ass eng Zort Entrée zur Häll, e Virhaff vu New York...am Fong leit et matzen „im Kreislauf der Scheisse“, wéi ee vun de Polizisten et formuléiert. Kanner vu Pappen, di virun 20 Joer wéinst Mësshandlunge verhaftgi sinn, sinn entretemps erwuessen, hänken un der Sprëtz, hunn x Bëbeeën an d’Welt gesat, di si elo hirersäits vernoléissegen. D’Cops, di jo och nëmme Mënsche sinn, hunn den Iwwerbléck verluer; Efforte maachen se keng méi, munch een ass korrupt ginn, kasséiert Sue vun Dealeren, fir dat déi hir Geschäfter fräi ofwéckele kënnen. Dempsy....do plënnert kee fräiwëlleg hin, ma d’Awunner si sech och net bewosst, dat se net agespaart sinn an hiert Gléck vläit enzwousch anescht siche kéinten.

De Richard Price huet aus deem Dreck 2 Personnagen erausgegraff: e 19 Joer jonken Dealer, de Clocker Strike, en Tuddeler mat engem zolitte Moschwier, dee sech just vu Milkshaken ernährt a clean ass. An den Detective Rocco Klein vun der Mordkommissioun, mat 43 Joer kuerz virun der Pensioun a Saache Stroossenasätz, bestued mam Patty 23 Joer jonk, verzweiwelte Papp vum Erin 2 Joer al. De Klein braucht kuerz viru sengem Abschid onbedéngt en Erfollegserliefnis: en ass quasi süchteg duerno. An op eemol stinn d’Chancë guer net esou schlecht: de Clocker Darryl Adams ass erschoss ginn. De Schëllege stellt sech selwer: de Victor ass 21 Joer al, schafft eng 80 Stonnen an der Woch an 2 Job’en fir en Hongerloun, fir seng Famill aus Dempsy erauszebréngen. An hie behaapt, hien hätt aus Noutwier 4mol geschoss. Iwwerdeems wou d’Aarbechtskollegen de Fall klasséieren, sténkt fir de Rocco Klein d’Affaire zum Himmel, zemools wéi hien erausfënnt, dat de Victor dem Dealer Strike säi Brudder ass. Et läit fir de Cop op der Hand, dat de grousse Brudder eng falsch Ausso gemaach huet, fir dee Klengen ze schützen. De Klein verbäisst sech an de Fall, bréngt de Strike esouguer a Liewensgefor, fir en ze provozéieren, well en ëm all Präis e Geständnes aus dem Jong erauspresse wëll. Den éischter mëttelméissege Clockers-Film vum normalerweis brillante Spike Lee hat mech net weider dozou motivéiert, fir dem Richard Price säin nei éditéierte Roman opzeschloen. Mä dunn....wat ee Pavésteen!! De Price ass 1949 zu New York an der Bronx op d’Welt komm an och do opgewuess. Hie weess, vu wat e schreift, huet och fir Clockers nach emol genee recherchéiert a nogelauschtert. Seng Beschreiwungen si präzis a genee, dowéinst di 800 Säiten och justifiéiert: hien ass ni den allwëssenden Erzieler, ma weist 2 komplett verschidde Mënschen aus hirer Perspektive, sou dat een sech als Lieser de Strike an de Klein no a no eréischt op 1001 Manéier zesummesetze kann. Bei Clockers geet et ëm dem Strike säi Moschwier, ma och ëm de Schwier Dempsy, dee keen Dokter an de Grëff kritt. Clockers ass och dem Richard Price säi Lieblingswierk, well et hien onwahrscheinlech physesch gefuerdert huet. Während der schwiereger Aarbecht krut et den Auteur wierklech dacks selwer mat der Angscht ze dinn.

D’Buch „Clockers“ vum Richard Price ass viru kuerzem am Fischerverlag op däitsch erauskomm; de Roman huet 799 Säiten, kascht 24 Euro, a weider Informatiounen fannt Dir op fischerverlage.de

Back to Top
CIM LOGO