RADIO: "Schwarze Diamanten" Martin Walker

RTL Lëtzebuerg
Schwaarz Diamanten dauchen normalerweis a Kachbicher op ... Op alle Fall, wann et sech ëm di sougenannt "tuber melanosporum" handelt, d'Périgord-Trüffen.

Mëttlerweil hunn si et och an en anert Buch gepackt: “Schwarze Diamanten” vum Martin Walker ...

De Martin Walker ass 1947 a Schottland op d’Welt komm, huet zu Oxford an Harvard Geschicht an Economie studéiert. 25 Joer laang huet hie fir di englesch Dageszeitung “the Guardian” als politesche Journalist geschafft. Als Auslandskorrespondent zu Moskau an zu Washington huet hien och en etlech historesch Bicher erausbruecht; haut ass en beim “Global Business Policy Council” aktiv a kläert iwwert Trends am globalen Ëmfeld op.

An ... en huet seng Léift zum Périgord entdeckt, wou en d’Halschent vum Joer lieft. Di kulinaresch Spezialitéiten aus der Regioun an de Polizist vun der Stiedche Saint Denis hunn hien en plus zu der Krimiserie ronderëm den “chef de police Bruno Courrèges” inspiréiert. D’Kerstin Thalau huet den 3. Volume „schwarze Diamanten” gelies.

D’Kerstin Thalau iwwert “Schwarze Diamanten”Dem Martin Walker säi Krimi “Schwarze Diamanten” ass am Diogenes-Verlag erauskomm, en huet 350 Säiten a kascht 22 Euro. Informatioune fannt Dir den Ament um Internet op diogenes.de an der Rubrik “neue Buecher”.

Back to Top
CIM LOGO