
Dammentour an der Literatur. Am Roman vun haut hunn d’ Männer näischt, oder bal näischt, ze radetten.
Keng Panik, et ass mer näischt geschidd............
«Was ich liebte», e Buch wou ech gär drun zeréckdenken, ma dat muss der ausblende wann der iech op der Siri Hustvedt hiren neie Roman wëllt aloossen.
D’Siri Hustvedt bezeechent hire Roman «Der Sommer ohne Männer» selwer als «klengt an zudéifst ironescht Buch».
Dëst Buch sollt, wéi si selwer an engem Interview sot, e Buch fir Frae ginn, Männer dauchen deemno och just als Randfiguren op, sief et als Erënnerungen aus der Vergaangenheet, als mysteriéisen E-mail-Korrespondent oder als een den d’ Diere klaackt.
T’Geschicht ass séier verzielt. D’Mia, Fra Mëtt fofzeg, Dichterin, gëtt no 30 Joer vun hirem Mann Boris, engem Gehirfuerscher, verlooss. Nee, eigentlech net richteg verlooss, hien hätt gär en time-out. -
Deen time-out ass aus Fleesch a Blutt, 20 Joer méi jonk, vollbuseg, et ass déi franséisch Laborassistentin vum Boris.
D’Mia fällt an eng akut psychotesch Stéierung, brécht zesummen, a lant an enger psychiatrescher Klinik, déi si awer no kuerzer Zäit als geheelt ka verloossen.
Am Summer drop, fiert si bäi hir Mamm, déi nach ëmmer an hirer klenger Heemechtsstad lieft . T’Mia lount eng Wunneng no beim Altersheim, an deem déi aktiv, 90 Joer al Mamm wunnt. Si verbréngt vill Zäit mat hier an där hiere ganz verschiddene Frëndinnen a besonnesch d’ Abigail, mat hire ganz speziellen Heeckel-Arbechten huet dem Mia et ugedoen …..
(Dësen zesummegewierfelte Fraeclub ass ee clin d’oeil an en hommage fum Siri Hustvedt un d’Schrëftstellerin Jane Austen.)
Klamer zou...
Fir sech ze beschäftegen, gëtt d’Mia e Poesiecours fir jonk pubertär Meedercher, donieft erlieft si hautno déi grouss Kris vun enger jonker Koppel mat 2 klenge Kanner, déi nieft hir wunnen. An niewebäi analyséiert t’Mia mat enger gudder Portioun Selbstironie an Humor deen eegenen emotionelle Chaos mat hirem Boris a fënnt esou lues a lues hiert Gläichgewiicht zréck .
Deels witzeg deels eescht beschreift t’Siri Hustvedt den Ënnerscheed zwësche Fraen a Männer, zwësche Jonk an Al an een anert wichtegt Thema vun dësem Buch ass t’ Schwieregkeet mam Alter fäerdeg ze ginn.
Zitat :«Meng Mamm huet mer eemol erklärt, den Alter wier net esou schlëmm, nueren datt de Kierper bäi der Däiwel geet wier net auszehalen»
Gewollt oder net, de Personnage Boris huet keen Déifgang a villes an dësem sproochlech raffinéierte Buch bleift op an ouni Erklärung- vläicht sou wéi am richtege Liewen.
Alles an allem e flott Buch fir de Summer an dat net nëmmen, ma besonnesch, fir Fraen an deene beschte Joren!