
D´Handlung vum historesche Roman vun der Bestsellerautorin, déi och scho groussen Erfolleg hat mat hirer Waringham Rei hat, spillt am 10. Joerhonnert an erzielt d´Geschicht vun der Kinnigin Adelheid, enger vun de wichtegste Fraen am däitsche Mëttelalter, déi et trotz der Roll, déi enger Fra an hirer Zäit zougeschriwwe war, als Keeserin un der Säit vum Otto dem Éischten, fäerdeg bruecht huet, eng enorm politesch Muecht ze kréien.
„Wann der liewe wëllt, muss der gruewen.“ Mat deem Saz fänkt dem Rebecca Gable hiren historesche Roman „Die fremde Königin“ un a versetzt eis direkt an d´Däischtert vun der klenger, knaschteger Zell an déier déi spéider Kinnigin d´Adelheid, nom Doud vun hirem éischte Mann, dem Lothar vu Berengar mat hirer Duerschter, hirer Mod an engem Paschtouer a Gefaangenschaft op Garda ass.
Si follegt dem Rot, dee se am éischte Saz vum Roman kritt an buddelt sech mat hiren eegenen Hänn an d´Fräiheet. Esou ka si sech mat Hëllef vum aneren Haaptpersonnage vum Roman, dem Gaidemar, engem Ritter aus dem Otto dem Groussen senger Arméi, deen op Garda geschéckt ginn ass fir dem Adelheid ze hëllefen, a Sécherheet bréngen. Si gëtt vum Otto perséinlech zu Pavia empfaangen an déi zwee gi bestuet. Wat als politesch Allianz ufänkt, gëtt am Laf vum Roman zu enger staarker Partnerschaft, déi op Léift a Respekt opbaut. Ofgesi vun der spektakulärer Flucht, déi schonn direkt am Ufank d´Stäerkt vum Adelheid ervirhieft, betount d´Rebecca Gable ëmmer erëm, dass d´Adelheid keent ass, dat einfach mat sech maache léisst, wat fir déi Zäit an an der Positioun an där si ass, dach bemierkenswäert ass.
De Gaidemar, dee sech während der Befreiung ganz séier an d´Adelheid verléift hat, huet wéinst sengem soziale Status als Meedercherskand ouni iergend en Titel, beim Adelheid keng Chance, mä d´Schicksal hält och fir hien, trotz sengem Stand, eppes Spezielles bereet. Hie gëtt zum enke Vertraute vun der Kinnigin a gewënnt fir hire Mann den Otto eng Schluecht géint d´Ungarn a gëtt spéiderhin mat der Duerschter vun engem slawesche Fürst bestuet.
An deene bal 800 Säite weist d´Bestseller Schrëftstellerin, datt se keng Zäit beim Recherchéiere gespuert huet. Obwuel zwar de Gaidemar eng reng erfonnte Figur ass, sinn déi aner Figuren em esou méi mat historescher Genauegkeet gekennzeechent. Si erfënnt keng wichteg Handlung, déi sech net och wierklech zougedroen huet an an de Mëttelalter-Chroniken ze fannen ass. Si moolt awer mat enger historesch realistescher Kreativitéit d´Perséinlechkeeten vun den historesche Figuren aus a rifft se esou op eng eenzegaarteg Aart a Weis an d´Liewen. Esou léiert een och vill iwwert d'10. Joerhonnert, doriwwer wéi d´Leit gelieft hunn a wéi se iwwerluecht hunn – an dat ouni sech mussen duerch eng dréche Geschichtsstonn vum Mëttelalter ze zwéngen, déi dacks nëmme Faiten opzielen, ouni datt ee sech eppes kann drënner virstellen.
Obwuel „Die fremde Königin“ zwar den zweeten Deel vun enger Serie ass, hat ech perséinlech elo weider keng Schwieregkeete fir matzekommen. Natierlech wäert déi eng oder aner Saach wahrscheinlech eng weider Déift hunn, wann een den éischten Deel „Das Haupt der Welt“ gelies huet, mä et soll een awer net dovun ofhalen, dat do als éischt ze liesen. Obwuel et e laange Roman ass, liest e sech wéinst dem fléissende Stil vun der Schrëftstellerin awer ganz séier. Natierlech zitt d´Handlung sech plazeweis, mä dat ass natierlech bei esou engem laange Roman net ongewéinlech, mä et kann ee sech sécher sinn, datt och wann een d´Geschicht vum Adelheid kennt, d´Buch awer ëmmer fir eng Iwwerraschung gutt ass.
Fir Leit déi historesch Romaner an d´Mëttelalter gär hunn, ass „Die fremde Königin“ mat Sécherheet ze recommandéieren, mä fir Ufänger, déi sech net gutt auskennen, ass en och eng gutt éischt Mëttelalter-Aventure.
Intrigen, Mord, Gewalt, Muecht an Allianzen tëscht Kinnekshaiser. Dat sinn d´Haaptthemen vun eisem Buch vun der Woch „Die fremde Königin“ vum Rebecca Gablé. D´Handlung vum historesche Roman vun der Bestsellerautorin, déi och scho groussen Erfolleg hat mat hirer Waringham Rei hat, spillt am 10. Joerhonnert an erzielt d´Geschicht vun der Kinnigin Adelheid, enger vun de wichtegste Fraen am däitsche Mëttelalter, déi et trotz der Roll, déi enger Fra an hirer Zäit zougeschriwwe war, als Keeserin un der Säit vum Otto dem Éischten, fäerdeg bruecht huet, eng enorm politesch Muecht ze kréien. D´Katarina Ivesic erzielt eis méi dozou.