
De Ross Armstrong ass e jonken, briteschen Theater- a Filmschauspiller, deen ënner anerem scho mat Acteure wéi Jude Law oder Joseph Fiennes virun der Kamera stoung. Nieft senger Ausbildung op der Royal Academy of Dramatic Arts huet hien och e Bachelor an Englescher Literatur an Theaterwëssenschaften a schonn en Award fir seng Poesie gewonnen.
“The Watcher” ass säin éischte Roman. D’Iddi dozou koum him, wéi en an en neit Appartement geplënnert ass, a festgestallt huet, datt ee mat enger Spektiv net nëmmen de Mound kucke kann.
E Wunnquartier zu London : deier nei Appartementshaiser a nach e puer al Wunnbléck, déi ofgerappt solle ginn. Natierlech wäerten déi sanéiert Wunnenge fir déi al Locatairen net méi ze bezuele sinn, a natierlech gëtt et doriwwer eng gewësse Polemik.
An enger vun deene schéinen, neie Wunnenge lieft d’Lily. Si ass eng jonk Fra mat engem e bëssen almoudeschen Hobby : mat hirer Spektiv kuckt si Villercher- an heiansdo hiren Noperen duerch d’Fënster. U sech weder ongewéinlech, nach spektakulär, bis d’Lily dann enges Daags ‘komesch Saachen’ vis-à-vis gesäit. Zur selwechter Zäit gëtt eng Locataire aus deem ale Gebai ëmbruecht, eng aner verschwënnt. D’Lily notzt hir Spektiv méi intensiv, oder solle mer soen obsessiv?! Si féiert hir eege Recherchen, a net nëmmen aus hirer sécherer Wunneng eraus, mä och um Terrain. Verbassen, mat ëmmer neien Theorien a Verdächtegen, a mat gewote Methoden, probéiert si ze rekonstruéieren, wat dann eigentlech an hirer Noperschaft geschitt ass.
De Ross Armstrong hëlt seng Lieser hei also mat op eng Mordermëttlung ‘der etwas anderen Art’. Hie léisst d’Lily erzielen, ganz perséinlech, a net onbedéngt linear an och net ëmmer fest an der Realitéit verankert. D’Lily lieft zäitweis an hirer eegener Welt, fantaséiert sech de Noperen hir Liewensgeschichten zesummen, an zitt méi wéi eng Kéier Konklusiounen, déi schlecht nozevollzéie sinn. De Lieser weess laang net sou richteg, wat dann elo wierklech geschitt. Dat kann ee mol liicht duerchernee maachen, jo souguer nerven; an dat huet mir et schwéier gemaach, un den Haaptpersonnage ze accrochéieren an am Ufank Zougang zum Plot ze fannen.
THE WATCHER/ Sie sieht dich, 427 Säiten, mol spannend, mol intriguéierend, heiansdo e bësse vill skurril an opgesat, awer mat muenchen interessanten Iddien a Verwéckelungen. E Thriller mat enger Ermëttlerin ‘net wéi di Aner’.