
Den Auteur vun deem eist Buch vun der Woch an dëser Woch kënnt ass de Scott Bergstrom, dee jorelaang als Texter a Creative Director an enger vun de gréisste Publicitéitsagence vu Manhattan geschafft huet an deen do ënnert anerem fir Clienten ewéi Ford, Boeing oder Chase Manhattan Pubs-Campagnen entworf huet.Elo huet de Scott Bergstrom mam Thriller „Cruelty“ en éischt Buch erausbruecht, mä de Yann Logelin fënnt en hätt virun an de Reklamme bleiwe sollen.
Well intelligent Publicitéitscampagnen a gutt Bicher sinn ewéi Feier a Waasser a meeschtens brennt Waasser nun eben net a bei mir ass de Fonken net wierklech iwwer gesprongen. Am Thriller „Cruelty“ léiere mer d’Gwendolyn Bloom kennen, wat nodeems et schonn am Alter vun nëmme 7 Joer seng Mamm zu Algier bei enger Ausenanersetzung mat lokalen Opstännege verluer hat, 10 Joer drop als Diplomatenduechter zu New York ukomm ass, wou hatt an eng vun de beschte Schoule goe kann an en onbeschwéiert Liewen als verwinnten amerikaneschen Teenager féiere kéint.
Leider kënnt et éischtens aneschters an zweetens wéi een denkt an drëttens nach vill méi schlëmm. Um Dag no sengem Gebuertsdag gëtt dem Gwen säi Papp bei engem Meeting zu Paräis entfouert a seng Duechter fënnt do eréischt eraus, dass hie schonn zënter éiweg fir d’CIA als Geheimagent schafft. Mat der Hëllef vu sengem New Yorker Noper, engem eeleren Här mat ungaresche Wuerzelen, deen an der Zäit fir de Mossad spionnéiert huet, kritt d’Teenagerin eng Crash-Formatioun a Krav-Maga vun enger isralescher Agentin zu Paräis, nodeems d’Gwendolyn Bloom sech decidéiert huet an där Stad an där säi Papp verschwonnen ass, unzefänken no him ze sichen, well soss schéngs keen aneren no engem gekidnappten amerikanesche Geheimagent siche wëll.
E Mordversuch méi spéit, deen déi kleng Kämpferin natierlech onverletzt iwwerlieft, verschléit et d’Kand, wat bannent Wochen zur knallhaarder Agentin gouf op Berlin a vun do dann, zweeten Mordversuch um Kand inklusiv, schliisslech op Prag, wou, an ech spoileren elo mol einfach, d’Meedchen an de Papp sech erëmfannen.
„Cruelty“ ass eng platt Geschicht, déi méi ewéi eng Kéier komplett iwwerdriwwen ass, well e Teenager-Mädchen et kaum a manner ewéi 3 Méint packe ka vun enger groer Maus zur Killerin vum gréisste Gangsterboss aus ganz Europa ze ginn. „Cruelty“ ass e Buch, wat vun der einfacher Publicitéitsagencesprooch vum Scott Bergstrom gedroe gëtt, wat et einfach ze liese mécht, mä „Cruelty“ ass virun allem vun enger brutaler Banalitéit an Irrealitéit, déi mech, wann ech d’Buch net hätt musse liesen, fir et hei virzestellen, no 40 bis 50 Säiten esou genervt hätt, dass ech et op d’Säit geluecht hätt an ni méi upake géif.
An „american way of life“ oblige, huet d’Buch zu allem Iwwerlooss e grousst Happy End, e Schluss, deen eendeiteg doropper ausgeluecht ass, dass et vun den Aventurë vum Gwendolyn Bloom eng Suite wäert ginn, déi anscheinend och schonn ugekënnegt ass.
Als Jugendliteratur geet „Cruelty“ wahrscheinlech grad emol nach mat duerch, mä als Erwuessene loosst der dem Scott Bergstrom säin éischte Thriller am Beschten am Bicherregal stoen a huelt déi Sue fir en anert Buch ze kafen.
Den Auteur vun deem eist Buch vun der Woch an dëser Woch kënnt ass de Scott Bergstrom, dee jorelaang als Texter a Creative Director an enger vun de gréisste Publicitéitsagence vu Manhattan geschafft huet an deen do ënnert anerem fir Clienten ewéi Ford, Boeing oder Chase Manhattan Pubs-Campagnen entworf huet.Elo huet de Scott Bergstrom mam Thriller „Cruelty“ en éischt Buch erausbruecht,