Nei um BichermaartSorry fir deen Duercherneen - Satiresche Réckbléck op 2016

RTL Lëtzebuerg
Vum Jhemp Hoscheit. Am Verlag Guy Binsfeld.

“Sorry fir deen Duercherneen” ass en ofwiesslungsräiche politsatiresche Réckbléck iwwert dat, wat 2016 uechter d’Welt geschitt ass, eng Chronik iwwert d’Aktualitéit vum vergaangene Joer mat bëssegen, kriteschen a wuertwitzege Kommentaren. Et si keng eenzel Zeenen, keng Sketcher, mee et ass en zesummenhängenden Text, a Form vun engem Rollespill. Dësen Text huet de Jhemp Hoscheit zesumme mam Museker Jules Arpetti – am Ufank vun hirer Liestournée – fir d’éischt de 26. Januar 2017 am Centre National de Littérature zu Miersch opgefouert.

Satir ass ëmmer e Stéck Literatur ... Fir politesch a gesellschaftlech Mëssstänn opzedecken an se z’entlarven, brauch een en anere Bléckwénkel, dee verzerrt, awer ni verschéinert. Dofir mécht den Auteur sech d’Sprooch zu eegen a benotzt verschidde Stilmëttelen, wéi Komik, Polemik, Humor, Ironie ... Wéi eng Pëll, déi berouegt, awer net aschléifert, reegt d’Satir zum Laachen un a léist nach eng ganz aner Niewewierkung aus: Si rëselt waakreg ...

B: Wien huet dann déi 4. Fro – d’Trennung vu Kierch a Staat – aus dem Referendum geholl? Fräiwëlleg!
A: Do huet de Jean-Claude Hollerich sech an d’eegent Fleesch geschnidden.
B: Neen! De Kersch an de Bettel hunn e menacéiert. De fréiere Generalvikar Mathias Schiltz sot, de Bëschof hätt d’Konventioun “mat der Pistoul op der Broscht” ënnerschreiwe missen. An den Erny Gillen, den deemolege Generalvikar, hätt him “den Aarm gebéit”.
A: Vreck! Dat ass jo sou wéi bei der Mafia! Mee so! Wann de Gillen dem Bëschof den Aarm gebéit huet, dann hätt de Bettel him en Disziplinarverfahren undreeë missen.
B: D’Verwarnung spuert en sech fir en aneren Aarmverbéier op! Affaire à suivre ...

Den Auteur
De Jhemp Hoscheit, Joergang 1951, huet bis elo véieranzwanzeg Bicher publizéiert, dorënner véier Romaner an eelef Kannerbicher. Mat verschiddene Cabaretsprogrammer ass hie vun 1981 bis 1983 mam Ensembel Bëschzéck, duerno tëscht 1986 an 1993 zesumme mam Jemp Schuster als J(h)emp2 opgetratt. Mam Museker Jules Arpetti goung hien tëscht 2007 an 2014 mat senge Romaner op véier Liestournéeën. Fir déi lescht véier Cabarenert-Programmer huet hien e puer Texter geschriwwen. 2016 huet dat satirescht Féiwer den Auteur nees gepaakt an de Jhemp Hoscheit huet déi national an international Aktualitéit Woch fir Woch satiresch kommentéiert.

JHEMP HOSCHEIT
SORRY FIR DEEN DUERCHERNEEN
SATIRESCHE RÉCKBLÉCK OP 2016
Verlag Guy Binsfeld
SERIE “PERSPECTIVES”
ENGLESCH BROSCHUR
92 Säiten, 124 X 210 mm
ISBN 978-99959-42-21-2
16,00 €
www.editionsguybinsfeld.lu

Back to Top
CIM LOGO