
AUDIO: Buch vun der Buch: Stimme der TotenIntelligent verpak mat enger fiktiver Geschicht gëtt et doriwwer vill gewuer am Kriminalroman ''Stimme der Toten’’ vun der Elisabeth Herrmann an mir begéinen do dem Judith Kepler. Spannend ass dat mannst wat ee ka soen, d’Marie Gales konnt d’Buch guer net méi aus dem Grapp leeën.
D’Judith Kepler ass e Cleaner, dat heescht si mécht propper op deene Plazen op deenen et en Doudege gouf. Wéi si nees geschéckt gëtt fir an grousser Berliner Bank no engem Mord oder war et dach Suicide, ze botzen, entdeckt si Spueren, déi si dunn och der Police mellt a bréngt domadder vill Steng an d’Rullen. Och si selwer gëtt ëmmer méi a Machenschaften vu Geheimdéngschter; däitsch, russesch, franséisch eragezunn a muss sech net just mat Hacker an enger Nazi-Szen an engem Duerf ausernee setzen, ma sech och hirer Vergaangenheet stellen. Dës féiert an déi fréier DDR. D’Judith Kepler huet eng fierchterlech Kandheet hannert sech, hir Elteren hate fir d’Stasi geschafft a wollten iwwerlafen. Schlussendlech ass d’Judith an engem Heim gelant a krut duerno eng nei Identitéit. Dëse Background zitt sech wéi e roude Fuedem duerch dëse Kriminialroman. Vill verdächteg Persounen dauchen an der Géigend vum Judith Kepler op a si ass dacks hin- an hier gerass wiem si traue kann.
Déi däitsch Schrëftstellerin Elisabeth Herrmann huet de Personnage Judith Kepler an d’Liewe geruff an dat heiten ass schonns den zweeten Roman mat hirer Protagonistin an en Drëtten ass an der Maach. Et géif een awer och am zweeten Deel '' Stimme der Toten’’ nokommen, wann een den éischten Deel vun den 2011 ''Zeugin der Toten’’ net gelies hätt. Deen hat e rise Succès, sou dass d’Madamm Herrmann vun hirem Editeur un d’Häerz geluecht krut onbedéngt weider un dëser Figur ze schreiwen. Den éischte Roman gouf schonns verfilmt an d’Judith Kepler gouf do vun der däitscher Actrice Anna Loos verkierpert.
Ma och der Schrëftstellerin hiren CV ass en interessanten, si koum réischt op Ëmweeër zum Schreiwen, no enger ofgebrachener Léier als Bauzeechnerin, hat si eng Zäitchen als Steemetzerin geschafft an no hirer Première, déi si an Owescourse nogeholl hat, hat si dunn ugefaangen beim RBB als Televisiounsjournalistin ze schaffen an ze schreiwen, mat groussem Succès.
De Kriminalroman an eist Buch vun der Woch ''Stimme der Toten’’ kritt eng bonne Note an ech recommandéieren och den 1. Deel vun der Judith Kepler Serie ze liesen.