Nei um BichermaartTigerche Mischi

RTL Lëtzebuerg
Den Tigerche Mischi ass doheem fortgelaf an erlieft e sëllechen Abenteuer dobaussen an der ongewinnter Welt ...

Hie begéint Mais, Schlaangen a béise Muppen, a fënnt eng kleng Kaz.

Mee et gëtt en Happy End! Eng spannend Geschicht fir Kanner vun 3 Joer un!

Editions: Rol Schleich
Text vum Maloue Henriette Nittel
Illustréiert vum Gaby Didier
Textkorrekture vum Sonia Thewes

Infoen : Nittel Henriette Maloue ( Schreftsteller)

Henriette Maloue Nittel, gebuer de 29. Juli 1958 zu Lëtzebuerg, wunnt zu Gaasperech.
- No der Primärschoul zu Diddeleng Secondaire am Athénée.
- Engleschcoursen (First Certificat of Cambridge)
- Schule des Schreibens 2006-2007.
- Formatioun an der Comptabilitéit. Schafft zënter 1988 an enger Garage am Secteur
Comptabilitéit-Clientèle zu Lëtzebuerg.
- Verëffentlecht Bicher:
- Lillys Reise ins Ungewisse 2007. Eng Fantasy-Geschicht fir Kanner vu 9 Joer un an däitscher Sprooch.
- Kuerzgeschichten op Däitsch: Sébastien - (Unglaubliche Begegnung 2008 )
Das Licht - (Am Ende der Lichtung 2010)
Berufung – (Seelenfeuer 2012)
- De Mann aus dem Séi op Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch 2012
Eng Foto-Dokumentatioun vum Liewen am Lëlzerdall virum Stauséi. Et ass d’Geschicht vum Léon Hoffmann, deen am Lëlzerdall op d’Welt komm ass an do gewunnt huet, bis dass d’Waasser alles iwwerschwemmt huet. - Lëtzebuerger-Literaturpräis 2012.

Zitat:

Mir hu 4 Kazen, an de Gaart ass ganz mat Drot zou, well ech net wëll, datt meng Kaze fortlafen oder iwwerrannt ginn. Eng vun deene 4 ass e gesträifte Stroossekueder, an hie setzt ëmmer beim Drot, an ech weess, datt hie gäre géif erausgoen.
Dunn ass mir d’Iddi komm, fir eng Geschicht ze schreiwen: Wat wier, wann hie fräi wier?
Mam Gaby Didier hunn ech eng ganz léif Molerin fonnt, déi mir immens flott Zeechnunge gemoolt huet fir meng Geschicht .
Hatt huet déi wichteg Momenter aus der Geschicht erausgepickt an unhand vun enger Foto vu mengem Tigerchen dëst Buch illustréiert. En décke Merci un hatt dofir.

Infoen : Gaby Didier (Zechnerin)

Gaby Didier gebuer den 23. Dezember 1957 zu Reisduerf.
- Summer-Akademie fir Molerei während e puer Joer.
- Privatcoursë bei verschiddene Moler a Skulpteuren.
- Molerei figurativ an abstrakt, spontane Realismus an Acryl, Pastel, Ueleg, Pigmenter.
- 5 Joer Summer-Akademie fir Keramik.
- Skulptur-Etüden an der “Ecole d’Arts” vu Fribourg.
- Zënter 2017 e Konschtatelier zu Schrondweiler, zesumme mat der Kënschtlerin Nicole Huberty
- Illustratioun vun dësem Kannerbuch.

Back to Top
CIM LOGO