
A wat verstoppt den Ouschterhues dëse Weekend? Gefierften Eeër oder Schokelasgackelcher si jo ëmmer gutt, awer fir eng richteg Liesrat si Bicher nach besser! Fir déi ganz kleng Liesraten hu mer haut e puer Buchtipps an eiser Lecture vun heiheem. Also, Ouschterhues, wann s du elo lauschters, spëtz d’Oueren! D’Bea Kneip huet der eppes z’erzielen.
AUDIO: 15/04/2017 Lecture vun heiheem: Wat bréngt den Ouschterhues?De Willi Weekelchen ass bei den Editions Saint Paul erauskomm, d’ABC Buch fënnt een am Lilu Verlag, an déi kleng Prinzessin ass bei Kremart Edition doheem. Ausserdem proposéiert d’Edition Bicherhaischen d’CD „De Benji Butzemann-Lidder, Spréchelcher a Geschichten aus dem Benjamin Club“. Also, léiwen Ouschterhues, da weess de Bescheed!