
D’Handlung vum Léon Schadeck sengem 4. Roman spillt kuerz nom Zweete Weltkrich an engem klenge lëtzebuergesche Muselstiedchen. D’Bréck hu se scho provisoresch gefléckt, mä vill Haiser sinn nach an engem desolaten Zoustand: Diech sinn ofgedeckt, Fassaden duerchlächert, Fënstere kapott, a Kulange feelen.
D’Krichswonnen ‒ engersäits an de Leit hire Maueren, anerersäits an hiren Häerzer ‒ sinn nach net geheelt. D’Leit hu villes matgemaach, a se hunn et elo schwéier, dës lescht Joren einfach esou ze vergiessen, si sinn awer glécklech, sech der neier Situatioun unzepassen.
Den Auteur beschreift, wéi op engem sonnegen, schoulfräien Nomëtteg d’Uertschaft ewéi ausgestuerwen ass, kee Mënsch ass op der Strooss, net emol en Hond. D’Loft schéngt onbeweeglech. Zwéi Bouwen am Alter vun eelef Joer sëtzen op der Caféstrap am Schiet vun engem Mauergiewel.
Si sinn zwar gläich gekleet: héich Schong mat décken Neel, brong Strëmp bis un de Knéi, eng kuerz Box an e faarwegt Hiem, mee ausser hirem Gezei hu se näischt gemeinsam. Charakterlech wéi physesch si se grondverschidden. Also, der zwéin ewéi Dag an Nuecht. Se sinn zwar an derselwechter Klass, mä hate bis elo nach ni direkte Kontakt zoueneen. Trotzdem hu se sech dësen Nomëtteg zoufälleg zesummefonnt.
Duerch eng gemeinsam Dot gi si zu Äerzfeinden ...
Beklemmend a realistesch beschreift den Auteur, wéi d’Schicksal säi Laf hëlt...
De Léon Schadeck gouf 1935 zu Esch/Uelzecht gebuer. Den ausgebilten Elektriker huet de gréissten Deel vu senger Carrière bei der Post verbruecht. No sengen dräi Romaner a franséischer Sprooch („La Vallée jaune“, 2002; „Jérôme“, 2004; „L’Américain“, 2014) ass dëst Buch säin éischt Wierk op Lëtzebuergesch.
Léon Schadeck:
Wien dru gleewe muss.
Roman. Broschéiert, 128 Säiten.
Präis: 16 €.
ISBN: 978-99959-2-010-4.