RTL Hitmaschinn - Zeréck an d'Zäit1977: Anarchy in the UK, Star Wars, Voyager 1 & 2

Jean-Marc Turmes
All Sonndeg reest de Radio tëscht 9:00 an 11:00 musikalesch zeréck an d'Zäit.

E Joer voll mat musikalesche Géigesätz. Mat hirem Soundtrack fir de Film "Saturday Night Fever" kréinen d'Bee Gees sech iwwer Nuecht zu de Kinneke vun der Disco. "Stayin Alive" gëtt d'Hymn vun enger ganzer Generatioun. Gläichzäiteg kënnt a Groussbritannien e ganz anere Sound aus de Boxen. Mat "Never Mind the Bollocks, Here's the Sex Pistols" produzéiert d'Band ronderëm den Johnny Rotten hiren éischten a leschte Studioalbum. Mee wa schonn, da schonn: den 12. November '77 stiermt d'Plack op Plaz 1 vun de britteschen Album Charts. An dat trotz massivem Widderstand.

Hitmaschinn 1977 musikalesch Géigesätz

E fänkt scho beim Titel un: "Bollocks" heescht, u sech, Hoden. Eng sëlleg Plackebutteker wëllen d'Plack net an d'Sortiment huelen, an den Chartlëschte gëtt den Titel deels net gelëscht, mee d'Plaz einfach fräi gelooss. Zu Nottingham gëtt de Manager vun enger Virgin Records Filial esouguer festgeholl, well e weiderhi mam Albumtitel Pub mécht. Et kënnt et zu enger "obscenity case" viru Geriicht, ma well "Bollocks" jo och kann "nonsense" heesche kënnt et net zu enger Verurteelung. "Nevermind the bollocks" bleift awer 1977 e Protest géint den Establishment, a bis haut eng Plack déi och no 49 Joer ëmmer nees frësch klengt.

© AFP

Am Mee '77 kënnt "Star Wars" an d'Kinoen, e Film deen Hollywood fir ëmmer verännere sollt! Net nëmme well Science Fiction elo definitiv am Mainstream ukomm ass. Och dat ganzt ronderëm - Figurinen, Fanartikelen, ganz Filmwelten - gëtt op eemol zu engem risege Geschäft. Ma et war net vun Ufank u kloer datt "Star Wars" géing en Hit ginn. Den George Lucas schaaft en Universum mat Schluechten am Weltraum, komesche Kreaturen, an enger geheimnisvoller Muecht.

Hitmaschinn 1977 Star Wars

Vill Leit bezweifelen deemools, dat déi Mëschung beim Publikum ukënnt. Ma wéi de 25. Mee Star Wars an den USA an de Kino gëtt ass et direkt e risegen Erfolleg! Den Harrison Ford, deen d'Roll vum Han Solo iwwerhëlt, ass haut e Superstar. Deemools schafft den Harrison Ford als Schräiner. Zoufälleg begéint en dem George Lucas, fält op, e kritt eng Roll, déi säi Liewe fir ëmmer verännert. Haut gëtt et am ganzen 12 offiziell Star Wars Filmer, an eng sëlleg Serien, wéi "The Mandalorian", déi am nämmlechten Univers spillen. Den George Lucas huet seng Produktionsfirma "Lucasfilm" 2012 fir ronn 4 Milliarden US Dollar un Disney verkaf. 50 Prozent krut e Cash bezuelt, déi aner 50 Prozent an Disney Aktien. Dovunner léisst sech liewen!

E Modell vun den Openthaltsplaze vun de Sondë Voyager 2 a Voyager 1 am Joer 2018.
E Modell vun den Openthaltsplaze vun de Sondë Voyager 2 a Voyager 1 am Joer 2018.
© NASA/JPL-CALTECH/AFP/HO

'77 starten d'Raumsonden Voyager 1 a Voyager 2 hier Rees an d'All. Zil ass et déi baussent Planéite vun eisem Sonnesystem ze erfuerschen. Ma si hunn och nach eppes anescht u Bord: eng gëlle Plack. Drop ze héiere si Gréiss a 55 Sproochen, Geräischer aus der Natur, Biller vum Liewen op der Äerd, a Musek! Nieft Bach a Mozart ënner anerem och Chuck Berry! D'Iddi hannendrun: falls irgendwann eng Kéier eng ausserierdesch Zivilisatioun eng vun de Sonde fënnt, soll se en Androck dervu kréie wat bei eis op der Äerd esou lass ass. Et kënnt alt emol dass de Kontakt iwwer Funk ofbrécht, ma béid Sonde si bis haut ënnerwee! Voyager 1 ass haut ee Liicht Dag vun der Äerd ewech, bei Voyager 2 sinn et iwwer 20 Milliarde Kilometer Distanz.

Hitmaschinn 1977 Voyager 1 & 2

Back to Top
CIM LOGO