
No Hallefnuecht geet de Präis fir e Liter 98er Bensinn ëm 8 Cent op 1,755 Euro zréck.
Beim Diesel ass et eng Baisse vu 5,2 Cent de Liter op 1,987 Euro.
De Präis vum Heizungsmasutt fält ëm 5,9 Cent op 1,470 Euro de Liter.
Bei den aneren Zorte Masutt sinn et Baissë vu 5,3, respektiv 5,2 Cent de Liter.
Den LPG-Präis geet ëm 4,6 Cent zréck a beim Propan ass et e Réckgang vun 3,5 Cent.
