Op der Schmelz11. Editioun vum Like a Jazz machine-Festival

RTL Lëtzebuerg
Dëse Mëttwoch huet en ugefaangen an en dauert bis e Sonndeg den Owend. 18 Gruppen a 70 Museker kritt een do ze héieren.
11. Editioun vum Like a Jazz machine-Festival
Dëse Mëttwoch huet en ugefaangen an en dauert bis e Sonndeg den Owend. 18 Gruppen a 70 Museker kritt een do ze héieren.

Och Lëtzebuerger stelle sech dem Public, wéi beim Optakt de Maxime Bender Quartett. De Saxophonist spillt ënnert dem Motto »infinity of sound ». Dat léisst vill Approchen zou an déi genéisst de Maxime Bender. De Public iwwregens och. Wann ee mat sou excellenten Jazzer zesummespillt, wéi deem legendären Daniel Humaire op den Drums, oder de Benjamin Moussay um Piano an dem Stéphane Kerwcki Doublebass, dann ass de géigesäitegen Push garantéiert.
Like a Jazz machine gëtt et schonn a senger 11. Editioun.

Back to Top
CIM LOGO