Wéinst zwee gesprengten Bancomaten zu LëtzebuergAn Holland goufen elo dräi verdächteg Persoune festgeholl

RTL Lëtzebuerg
Wéi et an engem Communiqué heescht, huet d'Lëtzebuerger Police judiciaire enk mat de Kolleegen aus Holland zesummegeschafft.
Zu Veianen gouf Enn Juli e Bancomat gesprengt.
Zu Veianen gouf Enn Juli e Bancomat gesprengt.
© RTL Archiv

Am Kader vu Enquêten, bei deenen et ëm zwou Attacken op Geldautomate geet, goufe leschte Mëttwoch an Holland dräi Persoune festgeholl. Konkret handelt et sech hei em e Virfall zu Äischen den 20. Mee 2026 an ëm e Virfall den 28. Juli 2026 zu Veianen. A béide Fäll war et deemools net gelongen, fir Suen ze klauen.

Wéi et an engem Communiqué vum Parquet weider heescht, huet d'Lëtzebuerger Police judiciaire, méi genee d'Sektioun "Répression du grand banditisme" enk mat de Kolleegen aus Holland zesummegeschafft. Weider heescht et , dass et am Kader vun den Enquêten och eng Partie Perquisitiounen säitens der Police goufen, déi Beschëllegt goufen dann och gehéiert.

Am Communiqué gëtt net präziséiert, ob a wéini déi Tatverdächtegt u Lëtzebuerg ausgeliwwert ginn.

Hei de Communiqué vum Parquet
Communiqué de presse des Parquets de Luxembourg et de Diekirch dans le contexte d’attaques contre des distributeurs automatiques de billets au Luxembourg <br>(02.11.2026)

Back to Top
CIM LOGO